Gréngflächen a Biodiversitéit Ëmweltministère presentéiert Mesurë vum Naturpakt
Haut sinn d'Mesurë vum Naturpakt presentéiert ginn; dobäi handelt et sech ëm ee Katalog mat iwwer 20 konkrete Mesuren, dee sech un d'Gemenge riicht fir d'Biodiversitéit ze fuerderen an d'Gemengen an d'Stied méi klimaresilient ze gestalten. 84 Gemengen hu bis ewell den Naturpakt ënnerschriwwen.

Grad wann et esou waarm ass, sicht een op esou munche Plazen ëmsoss no Beem fir sech an de Schied ze stellen. Grad a Wunngebidder trëfft ee seelen op Gréngflächen, a wann, sinn et ganz oft geméinte Wisen.
D'Dynamik vun der Natur kopéieren
Ma genau dat géif zum Verschwanne vun Déieren a Planzenaarte féieren, an et géif elo drëm goen, Weeër ze fannen, fir deem entgéint ze wierken, esou d'Dr. Simone Schneider vu Sicona, dem Naturschutzsyndikat.
An anere Länner wieren esou Initiative schonn zanter Joren um Lafen, seet d'Dr. Simone Schneider, an et géif een eigentlech näischt aneres maachen, ewéi sech un der Natur selwer ze orientéieren.
Et géing een also op Dynamiken agoen déi schonn an der Natur bestinn a sech un hire Weeër orientéieren. Dës géing een da kopéieren andeem een zum Beispill Blummewisen oder Beeter uleet, erkläert d'Dr. Simone Schneider.
Géint d'Verschwanne vu Biodiversitéit virgoen
D'Mesurë vum Naturpakt si villfälteg: Uplanze vun Hecken a Beem, Installéieren vun Vullenhaiser oder sougenannte Beienhoteller, awer och manner betonéiert Parkplazen an Trëppelweeër.
Den Naturpakt verflicht all Gemeng, déi ënnerschreift, aktiv géint de Verloscht vun der Biodiversitéit virzegoen. De Staat sengersäits ënnerstëtzt dann d'Gemeng finanziell, a stellt ee professionelle Beroder zur Verfügung.
Neioplo vu Praxisberoder
Donieft kënnen d'Gemengen op ee Praxisberoder zeréckgräifen, vun deem et elo eng Neioplo gëtt. D'Lisa Siebenaler, Mataarbechterin vu Sicona, betount, datt d'Neioplo sech vun der aler ënnerscheet an et hätt ee ganz vill Fotoen dra gemaach.
Esou kéint ee weisen datt och wëll Planzen, ewéi zum Beispill Wëllstauden, duerchaus attraktiv Blumme kënne sinn. D'Wëllplanze wieren och enorm wichteg fir d'Iwwerwantere vun den Insekten, esou d'Lisa Siebenaler weider.