Yuriko Backes Ëmsetze vum Waringo-Rapport "primordial a prioritär"

D'Ëmsetze vum Waringo-Rapport wier fir d'Yuriko Backes "primordial a prioritär", deelt den Haff eis mat. Si géif "op eng intensiv Aart a Weis" zesumme mam Grand-Duc a mat der Regierung, respektiv mam Staatsministère, "Hand an Hand" schaffen, fir de Reformprozess "esou séier wéi méiglech duerchzezéien".

Yuriko Backes
D'Maréchale de la Cour, Yuriko Backes

D'Yuriko Backes, zanter dem 1. Juni déi nei Maréchale de la Cour, wëllt dem radio 100,7 keen Interview zur aktueller Situatioun um Haff ginn a géif Detailer iwwer Personaldossiere vum Haff och net kommentéieren.

Schrëftlech deelt den Haff op Nofro hi mat, datt de Michel Heintz nach Chef de Cabinet vum Grand-Duc wier. Sollt et zu personellen Ännerunge kommen, géif den Haff dat matdeelen.

Wéi den Onlinemagasinn reporter.lu gëschter gemellt huet, a mir et confirméiert kruten, huet den Haff Enn Mee de Chef de Cabinet vum Grand-Duc entlooss. Eréischt no enger Interventioun vum Premier Xavier Bettel wier d'Kënnegung zeréckgezu ginn.

Méi zum Thema

Fernand Etgen, S.A.R. le Grand-Duc, Xavier Bettel
Personalsituatioun um Haff

Den Albert Wildgen, de laangjärege President vun der Administration des Biens vum Grand-Duc huet no 12 Joer demissionnéiert. Dat huet den Haff an zwee Sätz matgedeelt. Den Norbert Becker iwwerhëlt déi Plaz.

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; S.A.R. le Grand-Duc ; S.M. le roi des Belges
Personalsituatioun um Haff

De Premier Xavier Bettel huet duerch eng Interventioun beim Haff d'Entloossung vum Cabinetschef vum Grand-Duc bis op Weideres erëm réckgängeg gemaach. Déi Nouvelle vu Reporter.lu krut den 100komma7 vu gutt informéierte Sourcë confirméiert.

Xavier Bettel
Monarchie

Et wier am Interêt vu jiddwerengem - och vum Haff - datt Reegelen opgestallt ginn an datt sech dann och doru gehale gëtt, seet de Xavier Bettel. Hie wéilt der Monarchie nämlech net schueden, am Géigendeel.

Jeannot Waringo a Xavier Bettel bei der Presentatioun vum Waringo-Rapport
Waringo-Rapport

Ronn 90 Prozent vun de Recommandatioune vum Jeannot Waringo a sengem Rapport iwwer de groussherzoglechen Haff solle mam Accord vum Grand-Duc an nächster Zäit ëmgesat ginn, huet de Xavier Bettel ugekënnegt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen