De franséischen Investmentfong Ardian wëllt säin Undeel un Encevo dëst Joer verkafen. Den zukünftege Generaldirekter vun Encevo Claude Seywert seet als Management wier ee frou, wann deen neien Aktionär méi international Erfarung, och am Energieberäich, géif matbréngen. Bis elo hätten e puer Investmentfongen an och Acteuren aus dem Energiesecteur Interessi gewisen.
Eegene Stroum produzéieren
Trotz der Energietransitioun, déi mam Rifkin Prozess och zu Lëtzebuerg am Gaangen ass, wäert an Zukunft méi Elektresch gebraucht ginn, seet den zukünftege Generaldirekter vun Encevo. Grond dofir wär eng "Elektrifizéierung vun der Gesellschaft", déi ënner anerem duerch digital Technologien an Elektromobilitéit virugedriwwe gëtt, sou de Claude Seywert.
An Zukunft sollen d'Leit zu Lëtzebuerg och méi hiren eegene Stroum produzéieren an och direkt gebrauchen, ouni e virdrun an d'Netz anzespeisen. Dem Stroum-Fournisseur Enovos wäert doduerch wuel en Deel vum Maart verluer goen, seet de Claude Seywert, mee et géifen awer nei Mäert opgoen:
"De Modell ass eben haut och fir sou "communities" ze maachen, wou d'Leit dem Noper vläicht Stroum matginn, oder vläicht an der Strooss, oder virtuell och méi wäit ewech. Déi Flëss mussen natierlech trotzdeem ge-managed ginn. Well wann ech wëll dem Noper eppes ginn - déi meescht Leit wäerten dat wahrscheinlech net gratis maachen - do entstinn dann nees Flëss, an do ginn et dann aner Transaktiounen, oder aner Modeller vum Marché, wou mir da mussen aktiv ginn, wou mir da méi de Mëttelsmann ginn tëscht den eenzele Leit."
Stroum fir Google
Wat dee Projet vum Google Datenzenter zu Biissen ugeet, sot de Claude Seywert, déi vergläichbar niddreg Energiepräisser wieren e Grond gewiescht, firwat Google Lëtzebuerg ausgewielt huet. Wann den Datenzenter effektiv gebaut gëtt, géif Google dee gréisste Stroumverbraucher zu Lëtzebuerg ginn. Google wier an deem Fall fräi, sech e Stroum-Fournisseur erauszesichen. Als nationale Fournisseur wier Enovos awer gutt placéiert, fir eng kompetitiv Offer ze maachen, sou de Claude Seywert.
De Claude Seywert iwwerhëlt am September beim Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo de Poste vum Generaldirekter Jean Lucius, deen an d'Pensioun geet. Nodeems Encevo zejoert däitlech Réckgäng beim Ëmsaz a Profit notéiert huet, mengt de Claude Seywert awer net, datt d'Elektresch- a Gaspräisser kuerzfristeg fir d'Clienten zu Lëtzebuerg klamme wäerten.