arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eist Russland-Bild ass vun negative Stereotyppe gepräägt

Auslandschronik

|
reading time

3 min

Eist Russland-Bild ass vun negative Stereotyppe gepräägt

Déi dramatesch Aart a Weis, wéi de Fall ronderëm de russeschen Ex-Spioun Sergei Skripal am Westen duergestallt gëtt, weist datt eist Russland-Bild vun negative Stereotyppe gepräägt ass. An dat spillt dem Wladimir Putin an d'Kaarten, mengt de Rick Mertens.

reading time

3 min

Et ass ewéi an engem Film - dat gouf an de leschten Deeg ëmmer nees geschriwwen a gesot, wann iwwer de Sergei Skripal bericht gouf. E fréiere russesche Spioun, den elo selwer zum Affer vum russesche Geheimdéngscht gouf, well en ze vill wousst.

Ob dat wierklech esou geschitt ass, ass am Fong nach net gewosst. Mee sou géif d'Geschicht wuel verlafen, wann et sech tatsächlech em e Film géing handelen. Mä obwuel de Sergei Skripal kee Film-Personage ass, huet een den Androck, datt vill westlech Medien d'Geschicht genee sou wëlle verzielen.

Ëffentlech Beweiser feelen

Während et bei anere Sujeten als selbstverständlech gëllt, virun allem d'Aussoe vu Politiker kritesch ze hannerfroen, iwwerhuelen an dësem Fall vill Journalisten d'Interpretatioun vun der englescher Premierministesch. D'Theresa May hat sech séier festgeluecht, datt Russland "héchstwahrscheinlech" hannert der Attack stécht, an datt et sech dofir ëm en Ugrëff op déi britesch Souveränitéit handelt. Och Frankräich, Däitschland an d'USA ënnerstëtzen dës Positioun. Dobäi ginn et bis elo erstaunlech wéineg Beweiser fir dës Versioun.

D'Gëft, mat dem de Sergei Skripal attackéiert gouf, ass an der Sowjetunioun entwéckelt ginn. Mä geet dat duer fir sécher ze sinn, datt et sech em eng Attack vum russesche Geheimdéngscht handelt, déi vläicht souguer vum russesche President héchstperséinlech ordonnéiert gouf?

Et kann een zwar unhuelen, datt déi westlech Geheimdéngschter méi detailléiert Informatiounen doriwwer hunn, wéi de Gëftstoff Nowitschok haut produzéiert gëtt, a wien Accès dozou huet. D'Ëffentlechkeet gouf awer bis elo net doriwwer informéiert.

Negativ Stereotyppen dominéiere Russland-Bild

Datt de Verdacht vun der englescher Premierministesch sech, ouni vill kritesch Nofroen, an der ëffentlecher Duerstellung konnt duerchsetzen, huet vill mat eisem Russland-Bild ze dinn, dat och 30 Joer nom Enn vum Kale Krich ëmmer nach negativ gefierft ass.

Fir sech däers bewosst ze ginn, brauch ee just un den typesche russesche Personnage an Hollywood-Filmer ze denken. E bleeche Bandit oder Agent, dee seng "R"en staark rullt, an ni laacht. De Cliché vum béise Russ, dem een net Vertraue kann, beaflosst och eis politesch Berichterstattung. Dës Viruerteeler brénge mat sech, datt der englescher Premierministesch léiwer blann vertraut gëtt, wei ze waarden, bis d'Fakte bekannt sinn.

Et stëmmt, de Wladimir Putin mécht net vill fir esou Stereotyppen entgéint ze wierken. Am Contraire: De russesche President inzenéiert sech selwer gär als staarken Herrscher, deen net vill drop gëtt, wei seng Positiounen am Westen ukommen. Bei senge Wieler schéngt den Image gutt unzekommen. An Ëmfroe klëmmt dem russesche President seng Popularitéit dacks grad dann, wann hie sech als staarke Mann kann duerstellen, deen déi russesch Interessen, trotz Kritik vu baussen, verdeedegt. Zum Beispill no der Annexioun vun der Krim.

De Wladimir Putin dierft et deemno arrangéiert hunn, datt grad an der Woch virun de russesche Presidentschaftswahle vill Opreegung ronderëm d'Vergëftung vun engem russeschen Ex-Spioun entstanen ass.