Nom Tornado Éischte Bilan vum CGDIS nom Tornado ass positiv

D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf. Dat seet de Koordinator vum CGDIS, de Colonel Raymond Guidat. Et ass déi éischt grouss Naturkatastroph, bei deenen d'Servicer vum CGDIS zanter dem Lancement virun engem Joer intervenéiert sinn. Gëschter wier de Gros vum CGDIS-dispositif nom Tornado ofgeriicht ginn.

Françoise Keller / cz

CGDIS Tornado Reunioun.jpg
Foto: Twitter Raymond Guidat

Ronn 500 Leit hunn der Inneministesch no e Méindeg Schied nom Tornado gemellt gehat. Déi lescht 24 Plaze wiere gëschter nach kontrolléiert ginn, sou de Colonel Raymond Guidat. Déi mobil Kommandozentral vum CGDIS zu Käerjéng wier gëschter ofgeriicht ginn. Wann all d'Interventiounen ofgeschloss wieren, géif eng Analys lancéiert ginn. Dono wäert awer nach e puer Méint daueren, bis dës Analys ofgeschloss ka ginn.

Iwwer d'Dauer vum Asaz gekuckt wier d'Koordinatioun gutt verlaf

Een Awunner vu Péiteng hat am 100,7 Interview d'Organisatioun vun der Police an de Pompjéën den Dag vum Tornado als "chaotesch" beschriwwen. Si wiere "wahrscheinlech iwwerfuerdert gewiescht". De Colonel Raymond Guidat gesäit dat méi nuancéiert.

Déi éischt Minutten oder Stonnen nom Tornado wier et vläicht e puer kleng Koordinatiounsschwieregkeete ginn, mee nodeems d'Servicer sech opgestallt haten an déi néideg Moyenen engagéiert gi sinn, wieren d'Aarbbechte gutt verlaf. Iwwer déi fënnef Interventiouns-Deeg gekuckt wier d'Koordinatioun, och mat der Police gutt verlaf, seet de Colonel Raymond Guidat. An der geplangter Analys vun den Aarbechten nom Tornado géif een allerdéngs och dësen Aspekt op de Leescht huelen.

Verschidden Aarbechte ginn op méi Niveauen traitéiert

D'Koordinatioun mat Daachdecker géif zum Beispill op zwou verschidde Manéier geschéien, esou de Raymond Guidat vum CGDIS. Eng Partie Daachdecker goufen direkt vun den Awunner kontaktéiert, anerer hu sech beim CGDIS gemellt. "A vun do un hu mir eng kleng Koordinatiouns-Cellule op d'Bee gestallt mat engem vun eise Responsabel fir d'Aarbechten ze lokaliséieren a se un d'Entreprise weider ze leeden, déi op d'Plaz gaange sinn, fir sech dorëms ze këmmeren", seet de Raymond Guidat.

Direkt nom Tornado hunn eng Parti Privatleit selwer zum Beispill Stroosse geraumt. Vum CGDIS ass et do de Conseil, datt ee keng onnéideg Risike sollt agoen. "Mee et probéiert een dem CGDIS sou präzis wéi méiglech Renseignementer ze ginn, fir datt mir wësse wat a wou de Problem ass, fir datt mir déi passend Leit kënne schécken."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Käerjeng 5
Wiederchaos

De Gros vum CGDIS-Dispositif nom Tornado wäert haut, Dënschdeg, ofgeriicht ginn, seet de Koordinator Colonel Raymond Guidat. D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf.

Tornado CGDIS twitter
Wiederkatastroph

Och nom Weekend stinn déi Betraffe vum Tornado zu Käerjeng a Péiteng nach ëmmer virun enger Partie Erausfuerderungen. D'Françoise Keller war op der Plaz an huet mat Betraffenen iwwer hir Andréck nom Tornado geschwat.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen