Corona-Pandemie Éischt Impfunge géint Covid zu Lëtzebuerg

Gëschter Mëtteg Punkt 12 Auer goufen an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg déi éischt Leit géint de Coronavirus geimpft. Wéi geplangt war fir d'éischt Personal aus de Spideeler un der Rei, dorënner och eng Partie Frontalieren. Dat wier ee wichtegt Zeechen, esou de Luc Feller vum Héije Kommissariat fir déi national Protektioun, well de Gesondheetssecteur vill op Frontaliere géif zielen. 32 Dokteren an Infirmiere ware sur place fir den Encadrement ze maachen.

Tessy Troes / cbi

Éischt Impfungen zu Lëtzebuerg
Déi éischt Leit goufen zu Lëtzebuerg geimpft. Foto: Tessy Troes

D'Catarina Fernandes, Chefinfirmière um Covid-Stack vum CHL war déi éischt, déi gëschter Mëtteg um Lampertsbierg geimpft gouf. Si hätt d'Pickür guer net gespuert, "elles le font très, très bien", sot si direkt no der Impfung.

Foto: Tessy Troes

D'Impfung wier ee Kaddo fir d'Middegkeet vum Personal an d'Situatioun ënner Kontroll ze halen, mee vläicht wéilt net jiddweree sech impfe loossen: zu Lëtzebuerg gëtt et keng Impfflicht. Fir si selwer wier et awer kloer gewiescht, datt si sech wéilt impfe loossen, och wa si bis elo ëmmer negativ getest gi wier.

Hir Manéier ze schaffe géif elo net changéieren, mee si wier besser op der Aarbecht geschützt, mengt d'Catarina Fernandes.

Gëschter an haut sollen alles an allem ronn 800 Leit aus de Spideeler hir Impfung kréien. E Mëttwoch ass dann d'Personal aus Fleegeheimer drun. Pro Stonn kënnen an all Kabinn jeeweils aacht Leit geimpft ginn.

Foto: Tessy Troes

Dat Ganzt leeft op Invitatioun: iwwer en interne Mail konnt d'Personal aus de Spideeler sech umellen, erkläert ee Professionellen aus dem Departement vun de Rëntge vum CHEM.

Eng logistesch Erausfuerderung

Tëschent 80 an 85 Prozent vu Leit wieren der Invitatioun nokomm, sot de Luc Feller vum Héije Kommissariat fir déi national Protektioun gëschter. Datt déi éischt Impfungen an der Victor-Hugo-Hal stattfonnt hunn, hat ee logistesche Grond: Pfizer konnt aus Zäitdrock net an d'Spideeler liwweren, mee si hunn dat missten op eng zentral Plaz maachen. Dofir hätt een d'Personal aus dem Gesondheetssecteur am Centre de vaccination um Lampertsbierg geimpft.

Et misst den Ament mat reegelméissegen Ännerunge gerechent ginn, esou de Luc Feller weider. Geplangt ass, am Januar och dezentral - a Spideeler a Fleegeheemer - ze impfen. Bannent engem Mount kéint een esou 12.000 Persounen geimpft hunn, dorënner och an eelef Fleegestrukturen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Tessy Troes
Lauschteren

Méi zum Thema

Corona-Impfstoff Exklusiv
Impfstoff

De 26. Dezember soll déi éischt Liwwerung vum Vaccin ukommen. Well net genuch Impfstoff do ass, geet den Impfzenter um Lampertsbierg nächst Woch just fir dräi Deeg op. Ronn 1.300 Leit sollen do geimpft ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen