USA Éischt Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden

Eng vun den éischten Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden war et, dem Präisser Klimaaccord bäizetrieden - déi Prozedur leeft elo. Domat huet hien eng vun den ëmstriddensten Decisioune vu sengem Virgänger Donald Trump réckgängeg gemaach.

Sophie Morang / cbi

Den Joe Biden gouf als neien US-President vereedegt
Den Joe Biden gouf als neien US-President vereedegt. Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Melina Mara - Pool via CNP

Den Joe Biden huet gëschter 17 Dekreter ënnerschriwwen, hien huet och den Austrëtt vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO gestoppt. De Antony Fauci, Virusexpert vun der amerikanescher Regierung, soll haut schonn un enger Sitzung vun der WHO deel huelen.

Weider Dekreter revidéieren d'Areespolitik vum Donald Trump: esou gëtt direkt opgehalen d'Mauer un der Grenz mat Mexiko ze bauen - an och den Areesverbuet fir verschidde muslimesch Länner, deen den Trump 2017 verhangen ass, ass ophuewen.

Aschätzunge vun eisem Washington-Korrespondent Philip Crowther

America first ass eriwwer, den Joe Bidden huet ugekënnegt, datt d'USA erëm international wëlle present sin.

Den Joe Bidden huet sech no senger Vereedegung u seng Mataarbechter am wäissen Haus adresséiert a kloer gemaach, datt hie Respektlosegkeet net wäert toleréieren. Et sollt een Aarbechtskolleege mat Anstand a Würd behandelen, anescht gëtt een entlooss, esou de Biden.

Haut soll den Biden en éischten auslännesche Regierungschef uruffen, an dat ass de kanadesche Premier Justin Trudeau.

Méi zum Thema

D'Sécherheetsmoossname si grouss fir dem Joe Biden seng Inauguratioun
USA

Haut um 12 Auer mëttes Lokalzäit gëtt den Donald Trump vum Joe Biden als US-President ersat. D'Sécherheetsmoossnamen an der Haaptstad Washington sinn extrem, an d'Angscht viru Gewalt ass grouss.

Den Joe Biden ass den neien US-President Live
Liveticker

Den Joe Biden huet Meldunge vu amerikanesche Medien no d'Wal fir d'Presidentschaft an den USA gewonnen. AP huet gemellt, datt hien d'Wal am Pennsylvania gewonnen huet an domat iwwer 270 Stëmme kënnt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen