Carrièrë bei der Police "Egalitéitsprinzip respektéieren"

Wäit iwwer 100 Police-Beamten mat 1ères respektiv 13èmes-Diplom froen, fir an déi nei Carrière B1 reclasséiert ze ginn. Dës Carrière gëtt et eréischt zanter e puer Méint bei der Police. Via hir Affekotin Carole Hartmann riichte si eng Demande an deem Sënn un den neie Police-Minister François Bausch. Si verweisen drop, datt esou e Reklassement bei der Post zum Beispill, oder och bei de Fierschteren an Infirmieren scho gemaach gouf.

Maurice Molitor / cz

Police
Foto: Bigstock

Am Respekt vum Gläichheets-Prinzip, deen an der Verfassung verankert ass, géif et kee Grond ginn, dëse Polizisten d'Unerkennung vun Diplom a Responsabilitéite ze verwieren. Wann de Minister de concernéierte Poliziste keng Satisfaktioun sollt ginn, da wäerten der op d'mannst eng Rei vun hinnen déi Decisioun um Verwaltungsgeriicht kontestéieren, seet d'Affekotin Carole Hartmann.

Wie beim Staat mat enger 1ère oder 13ème agestallt gëtt, lant do am Prinzip an der Carrière moyenne. Net esou bei der Police. Do sinn déi Leit bis ewell an d'Carrière inférieure komm, well et bei der Police, bis viru Kuerzem, keng Carrière moyenne gouf. Esou eng Carrière B1 ass eréischt mat der Reform vum 1. August 2018 ageféiert ginn. Dat ass een Element.

Fuerderung: Direkte Reklassement

En anert Element ass dat, datt de Polizisteberuff iwwer déi lescht Joren extrem evoluéiert huet, seet d'Affekotin Carole Hartmann. Nieft engem Ofschlossdiplom hätten dës Polizisten eng gewëss Beruffserfarung. D'Posten déi dës Poliziste bekleede géifen, hätten haut och vill méi Responsabilitéit wéi fréier, sou d'Affekotin.

Déi concernéiert Beamte kéinten elo probéieren den Ustellungsexamen nach eemol nei maachen an dann drop hoffen eng vun 20 Plazen ze kréien, déi pro Joer an der neier B1 Carrière ausgeschriwwe ginn. Domat géifen der awer vill vun deenen, déi u sech déi néideg Diplomer a Responsabilitéiten hunn, op der Streck bleiwen. Dofir hoffen déi concernéiert Beamten elo drop, um direkte Wee reklasséiert ze ginn. No bäi 150 sinn der un d'Etüd Urbany erugetrueden, déi elo fir jiddwer Eenzelen eng Demande an deem Sënn un den zoustännege Minister adresséiert.

Méiglechkeet e Geriicht unzeruffen

Wann d'Äntwerten negativ géifen ausfalen, "an denken ech, datt eng ganz Rei vu Beamten och de Schrëtt wäerte goe bis op d'Verwaltungsgeriicht, well mir eben och der Iwwerzeegung sinn, datt hei eng Ongläichheet virläit, déi vun engem Verwaltungsgeriicht a wa néideg och vun engem Verfassungsgeriicht gekippt ka ginn."

Ongläichheet par rapport zu ganz ähnleche Fäll bei der Post zum Beispill, oder bei de Fierschteren an Infirmieren, wou déi Reklassementer an d'Carrière moyenne, zanter der grousser Reform vun de Carrièren bei der Fonction publique vun 2015, accordéiert goufen. Den Egalitéitsprinzip wier an der Verfassung festgehalen, sou d'Carole Hartmann.

Elo muss ee kucken, ob de Minister d'Argumenter vun de Concernéierten deelt (da misst hien d'Police-Reform vun der Chamber amendéiere loossen), oder ob hien d'Justiz tranchéiere léist. Nieft de Concernéierten wäert och de Finanzminister déi ganz Affär mat Interessi suivéieren. Well eng Decisioun pro Reklassement wier eng nei Belaaschtung fir säi Budget.

Méi zum Thema

Pascal Ricquier
Carrièrë bei der Police

D'Polizisten aus der ënneschter Carrière beim Staat missten alleguer an déi nei geschafe Carrière Moyenne B1 reklasséiert ginn. Dat fuerdert de President vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen