Atomdeal mam Iran Een zweifelhaften Deal

Beim Atomdeal mam Iran ass Kritik ubruecht. D'EU stellt sech honnertprozenteg dohannert, mee huet dofir net déi beschten Argumenter. Am Contraire, et kann een hir eng duebel Moral reprochéieren.

Danièle Weber

Kommentar Iraneschen Ausseminister Mohammed Javad Zarif  an Federica Mogherini, Chefdiplomatin vun der EU am August 2017 zu Teheran
Iraneschen Ausseminister Mohammed Javad Zarif an Federica Mogherini, Chefdiplomatin vun der EU am August 2017 zu Teheran

Et fält schwéier, dem aktuellen amerikanesche President Donald Trump Recht ze ginn. Och beim Thema Iran-Atomdeal ass dat gewot, well een him och hei mat Sécherheet net déi beschten Intentiounen ënnerstelle kann.

Allerdéngs zielt hien a senger Argumentatioun géint den Deal e puer pertinent Punkten op.

Well tatsächlech funktionéiert dee "Joint Comprehensive Action Plan", wéi den Deal heescht, vill manner gutt wéi dacks duergestallt.

An der Introduktioun ass festgehalen, datt e misst ee Bäitrag zu Fridden a Sécherheet an der Regioun leeschten.

Der EU no ass dat de Fall. D'Chefdiplomatin Federica Mogherini sot, e wier "kruzial fir d'Sécherheet an der ganzer Welt". Wierklech?

Wéi gutt funktionéiert den Deal wierklech?

Wéi ass et da mat der Sécherheet an dem Fridden fir d'Leit a Syrien? Wou den Iran sech massiv an de Krich amëscht, Truppen a Waffen dohinner schéckt, fir de kriminelle Regime vum syresche President Baschar al Assad ze ënnerstëtzen. Dernieft finanzéiert den Iran déi deels terroristesch Hisbollah am Libanon, baut säin Afloss am Jemen aus a menacéiert regelméisseg, Israel ze zerstéieren. Mat Fridden a Sécherheet huet dat net vill ze dinn.

Wéi gutt sech den Iran un den Deal selwer hält, ass vu bausse schwéier ze beuerteelen. Den Deal funktionéiert, seet d'EU a verweist op déi regelméisseg Kontrolle vun der Internationaler Atom-Agence. Op Froe vu Journalisten, ob déi dann effektiv iwwerall eragelooss ginn, gouf et zu Bréissel keng konkret Äntwerten. Wat irritéiert, sinn Aussoe vu Vertrieder vun der iranescher Atom-Agence, déi sech intern domat bretzen, datt den Atomprogramm nees bannent kuerzer Zäit kéint reaktivéiert ginn.

Da gëtt et och den iranesche Rakéite-Programm. Deen ass net Deel vum Atomdeal, seet d'EU. Dat stëmmt. Et ass awer eng Tatsaach, datt den Iran dee Programm ausbaut a ganz ongenéiert Tester duerchféiert. Och do kann ee sécher keng friddlech Intentioun ënnerstellen.

De franséische President Emmanuel Macron war ee vun deene wéinegen Europäer, déi dee Schwaachpunkt ugeschwat huet.

Wiem bréngt den Deal eppes?

Kritik um Deal passt net an d'Success-Story, déi d'EU gären erzielt. Et wier "ee vun de gréissten Exploiten, déi d'Diplomatie jeemools ofgeliwwert huet" sot d'Federica Mogherini.

Een Exploit, deen dem iranesche Vollek net vill bruecht huet.

Dat déi europäesch Chefdiplomatie sech zu Teheran verschleiert un den Dësch gesat huet, huet hei vläicht Symbolcharakter. Wat als Zeeche vu Respekt par Rapport zum Verhandlungspartner justifiéiert gëtt, ass a Wierklechkeet eng op de Bak fir déi Fraen am Iran, déi sech géint deen Zwang wieren an dofir regelméisseg am Prisong landen.

D'Federica Mogherini awer sot, d'Ophiewen vun de Sanktiounen hätt ee positiven Impakt op d'sozial Leeschtunge vum iranesche Vollek gehat.

Och do gëtt et eng aner Säit vun der Geschicht. Si gëtt vun den Iraner an Iranerinnen erzielt. Si gi regelméisseg op Strooss, fir géint Inflatioun, Budgetskierzungen oder Paien, déi net ausbezuelt ginn, ze protestéieren. Den Deal, sou hir Kritik, huet zwar der Regierung, net awer hinnen eppes bruecht.

Kritik um Iran bleift op der Stréck

Enger Regierung, déi hire Profit net an innepolitesch Mesuren, mee an d'Krichsmaschinerie stécht.

Dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn no war de But vum Atomdeal, duerch eng besser wirtschaftlech Kooperatioun d'Politik am Iran ze beaflossen.

De Contraire war éischter de Fall. Wéinst deem Atomdeal, un deem d'EU par Force festhale wollt, gouf Kritik un der iranescher Politik ëmmer méi erofgeschléckt. Mënscherechtsorganisatioune maachen zanter laangem dorop opmierksam.

EU ass net neutral

D'EU muss sech de Reproche gefale loossen, datt si giereg op dee neie Marché war a sech och dowéinst op een zweiwelhaften Deal agelooss huet, mat engem Regime, deen no baussen an dobanne Mënscherechter mat Féiss trëppelt.

D'Goldgriewerstëmmung, vun där och zu Lëtzebuerg eppes ze spiere war, ass elo eriwwer. Dovun oder vun neien Sanktioune wäerten d'Iraner leider net profitéieren. Et ass awer vläicht eng Geleeënheet, iwwer ee besseren Deal mat anere Critèren nozedenken.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Simona Frankel
Noen Osten

Am Noen Osten spëtzt sech eng geopolitesch Kris zou, e Krich gëtt net méi ausgeschloss. Den Iran wier net nëmmen eng Gefor fir Israel, mee och fir Europa, seet déi israelesch Ambassadrice.

Michel Delage
International Politik

Den internationalen Atomaccord mam Iran gouf als grousse politeschen Duerchbroch ugesinn. Den US-President wëllt säi Land elo aus dem Accord zeréckzéien. Wat sinn d'Motivatioune vun den Haaptacteuren an där Fro?

EU Chefdiplomatin Federica Mogherini an irnaeschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif
EU-Aussepolitik

Den Donald Trump huet sech kloer hannert d'Demonstranten am Iran gestallt, d'EU hält sech méi zréck. Et gëtt op alle Fall um Atomdeal festgehalen, sou den Haaptmessage. D'EU huet och ekonomesch Interêten.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen