Däitschland Een Zil, zwou Strategien

An Däitschland stagnéieren d'Corona-Infektiounszuelen. Et erkranken net méi Leit wéi an de Woche virdrun - mee eben och net manner. Trotzdeem ass d'Lackerungs-Diskussioun voll am gaangen. Politik a Wëssenschaft kucken dobäi awer op ënnerschiddlech Krittären.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Angela Merkel
D'Bundeskanzlerin Angela Merkel. Foto: picture alliance/dpa | Jörg Carstensen

An enger Online-Sëtzung vun der Uniounsfraktioun am Bundestag huet d'Angela Merkel hir Lackerungs-Pläng konkretiséiert. Dräi Beräicher vum ëffentleche Liewe solle Stéck fir Stéck nees opgoen - nämlech déi perséinlech Kontakter, d'Schoulen an dann Gastronomie, Kultur an de Sport. Dat huet d'Noriichtenagence dpa gëschter gemellt.

Fir d'Angela Merkel gëtt et, ier un dës Lackerunge ka geduecht ginn, eng magesch Zuel, déi erreecht muss ginn - nämlech eng 7-Deeg-Inzidenz vu 35 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner. Op déi Grenz hate sech d'Kanzlerin an d'Ministerpresidente vun de Bundeslänner bei hirer leschter Konferenz gëeenegt. Sollt déi Zuel erreecht ginn, dierfen zum Beispill och d'Geschäfter an Däitschland nees opmaachen.

Ass d'Inzidenz Krittär genuch?

D'Diskussiounen iwwer d'Lackerunge vun den aktuelle Corona-Mesuren an Däitschland leeft an dësen Deeg op Héichtouren. Wann de Februar op en Enn geet, huet d'Land schliisslech véier Méint Shutdown um Stéck um Bockel. D'Infektiounszuele falen allerdéngs momentan net weider, mee stagnéieren zanter enger Rei Deeg um selwechten Niveau.

Well de Risk grouss ass, datt duerch déi verschidden, héichustiechend Mutatioune vum Virus eng drëtt Well kéint iwwer Däitschland rullen, setzt de Robert-Koch-Institut aner Standarde bei de Lackerungs-Pläng un. Wärend d'Regierung virun allem no der Inzidenz-Zuel kuckt, geet dat de Wëssenschaftler vum RKI net duer.

An engem Pabeier mam Titel "ControlCOVID" leet d'Robert Koch Institut seng Strategie duer. Nieft der Inzidenz-Zuel wieren dräi weider Krittären essentiell bei der Decisioun, ze lackeren oder net. Éischtens: d'Auslaaschtung vun de Intensivbetten an de Klinicken. Zweetens: d'Zuel u Leit iwwer 60 Joer, déi mussen hospitaliséiert ginn. An drëttens: de prozentualen Undeel vun de Kontaktpersounen, déi no enger Infektioun vun den Autoritéite kënne getraced ginn.

Faux-Pas bei Gratis-Schnelltester

Wat méi Krittäre mussen erfëllt sinn, wat méi spéit wäert gelackert ginn. Dat ass der däitscher Politik natierlech bewosst. Wéi déi däitsch Politik a Saache Lackerunge weiderfiert, wéist sech wuel haut an enger Woch - den 3. Mäerz kommen d'Kanzlerin an d'Regierungscheffen aus de Bundeslänner nees zesummen.

Ee Politiker ass awer elo schonn de fréie Verléierer vun der Lackerungs-Diskussioun. De Gesondheetsminister Jens Spahn hat annoncéiert, datt jiddweree vun Ufank Mäerz un Zougang zu Gratis-Schnelltester hätt. Och doriwwer sollen awer vir d'éischt Ministerpresidenten diskutéieren - den "Ukënnegungsminister" Spahn, wéi de Koalitiounspartner SPD spëttesch reagéiert huet, kann dat Verspriechen also scho mol net halen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Corona-Impfstoff
Däitschland

An Däitschland wëlle sech ëmmer manner Leit mam AstraZeneca-Impfstoff impfe loossen. Fir géint den Zweiwel an der Populatioun unzekämpfen, wëll sech elo e prominente Politiker ëffentlechkeetswierksam vaccinéiere loossen.

Matthias Kirsch
Däitschland

Am Hierscht gëtt an Däitschland gewielt. Schon elo ass kloer, datt Däitschland en neie Kanzler oder eng nei Kanzlerin kritt. Mee a wéi enger Konstellatioun? Lues a lues spillt sech eng Koalitioun an d'Favoritteroll.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen