Fräie Mikro Een éischten Test fir déi nei US-Aussepolitik?
Deen Internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag huet eng Enquête iwwer Verbriechen an de besate palestinensesche Gebidder ugekënnegt. Ass dat een éischten aussepoliteschen Test fir den US-President Joe Biden? Dat freet sech d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun am Fräie Mikro.
Virun zwou Wochen huet d'Fatou Bensousa, Procureure um Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag, fir en diplomatescht Äerdbiewe gesuergt. Den 3. Mäerz huet si annoncéiert, dass dës Cour géif eng Enquête opmaachen iwwer déi Verbriechen, déi zënter 2014 an deene vun Israel besate Gebitter an am Gaza-Sträife geschitt sinn.
Een Aspekt, deen Israel besonnesch dierft wéi doen, ass d'Ënnersichung vu senger illegaler Siidlungspolitik am Westjordanland vum 13. Juni 2014 un. Op deem Dag haten d'palestinensesch Autoritéiten den Internationale Strofgeriichtshaff mat dem transfert de civils israéliens en Cisjordanie befaasst. D'Konventioune vu Genève verbidden awer ausdrécklech, d'Demographie vun engem besate Gebitt ze veränneren. Direkt huet de Benjamin Netanyahou dës Enquête als antisemittesch condamnéiert. Iwwregens gëtt niewent Israel och den Hamas mat an d'Verantwortung geholl wéinst Muerd a Folter am Gaza-Sträifen.
De Strofkatalog vun den USA
Den Internationale Strofgeriichtshaff huet jorelaang an de besate Gebidder enquêtéiert a war massivem Drock duerch déi méi wéi Israel-frëndlech US-Regierung ënner dem Donald Trump ausgesat. D'Procureuren an hir Mataarbechter goufe perséinlech bedréit: si kruten hir Visaen entzunn, goufen op schwaarz Lëschte gesat an hir Konten an den USA gespaart. Den deemolegen Ausseminister Mike Pompeo huet och deene Leit Strofen ugedréit, déi d'Procureure an hier Mataarbechter géife materiell ënnerstëtzen.
Domat gouf eng Politik verschäerft, déi schonn ënnert dem President Clinton ugefaangen hat. Um Hannergrond vum Krich an Afghanistan goufe vun 2002 u grouss Ustrengunge gemaach, fir amerikanesch Zaldoten an Zivilpersoune virun eventuellen Ukloe virum Internationale Strofgeriichtshaff ze schützen. D'US-Verwaltungen däerfen net mat him zesumme schaffen, Net-Nato-Staaten, déi mat Den Haag kollaboréieren, kréien Ënnerstëtzung duerch d'USA gestrach. Human Rights Watch an Amnesty International verurteelen dës Politik géint en internationale Geriichtshaff schaarf, deen ëmmerhi mat internationalem Konsens zu Geriicht sëtzt iwwert Vëlkermord, Krichsverbriechen a Verbrieche géint Mënschlechkeet.
En Hoffnungsschimmer?
Dëse Konsens ass allerdéngs net universell: China, Indien, d'USA, Russland, den Iran, den Irak, d'Tierkei, Saudi-Arabien an Israel erkennen den Internationale Strofgeriichtshaff net un - a wann een deene Länner hiert Agressiounspotential an hir Mënscherechtsbilanz kennt, wonnert dat een net. Trotz der Tatsaach awer, datt déi mächtegst Länner vun der Welt dës Cour net unerkennen, huet se politesche Poids. Et kann ee gespaant sinn, wéi d'Administratioun Biden, déi d'Sanktioune géint Fatou Bensousa bis elo net opgehuewen huet, op dës Enquête reagéiert. Jiddefalls ass si fir d'Palestinenser e klengen Hoffnungsschimmer, dass et endlech eriwwer ass mat enger Politik vun Israel, déi eng Zwee-Staate-Léisung ëmmer méi onwarscheinlech mécht.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.