"Et dierf net sinn, datt eng Persoun, déi probéiert Liewen ze retten, dofir an de Prisong geet", seet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Och de Lëtzebuerger Ausseminister hat op Facebook u säin italieneschen Homolog appelléiert, d'Kapitänin misst fräigelooss ginn.
De Xavier Bettel seet, hien hätt um EU-Sommet zu Bréissel keng Geleeënheet gehat, mam italienesche Premier doriwwer ze schwätzen. Hien hätt nach net all déi néideg Informatiounen, sou de Premier. Hien hätt awer scho mam Lëtzebuerger Ausseminister geschwat. Et misst een eng Léisung an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fannen, fir zu enger konstruktiver Léisung ze kommen. "Mee ech hoffen net, datt 2019 eng Persoun, déi Liewe rett, dofir muss an de Prisong goen", sou de Xavier Bettel.