Landesplanung "Ee Versuch, Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten"
De Landesplanungsminister kéint net duerchgräifen, seet de Claude Turmes (déi gréng). Mam Consultatiounsprozess "Luxembourg in Transition" wëll hie lo weisen, wéi d'Land sech misst entwéckelen.
Lëtzebuerg soll bis 2050 klimaneutral sinn. Wéi muss dann den Territoire organiséiert ginn a wéi sollen Dierfer a Stied ausgesinn? Op déi Fro wieren nach net all Äntwerte fonnt, seet de Claude Turmes. Dowéinst huet de grénge Landesplanungsminister een Iddie-Concours ënner Experten ausgeruff, a léisst sech vun engem Biergerkommittee beroden - ee Prozess mam Titel "Luxembourg in Transition".
Zur Demarche seet de Claude Turmes:
"Ech wëll elo net soen, datt mir do d'Rad komplett nei erfannen. Mee ech mengen, dat ass déi éischte Kéier wou a méi grousser Systematik gekuckt gëtt, wéi Lëtzebuerg an den Territoire, deen iwwer Lëtzebuerg eraus eis Economie mat prägt, op d'Klimaneutralitéit kommen."
A fir dat Zil z'erreeche misst ee sech dann och déi néideg landesplaneresch Instrumenter ginn, esou de Minister. Dobäi ginn et och elo schonn Instrumenter, iwwer déi een d'Entwécklung vum Territoire ka regelen.
Wunnengsbau: "Richteg lassleeën"
Déi sektoriell Pläng fir de Logement, den Transport, d'Aktivitéitszonen an d'Landschaften, déi dëse Mount a Kraaft getruede sinn, hält de Claude Turmes fir ee grousse Fortschrëtt. Hien nennt d'Beispill vun den Terrainen, déi elo fir de Wunnengsbau ausgewise goufen:
"De Staat huet ee Virkaafsrecht op deenen Terrainen. An dat ass jo ee Virkaafsrecht, dat ass net innocent, well do d'Plus-Value net besteiert gëtt. Dat heescht, dat ass een immensen Uräiz fir privat Besëtzer fir elo déi Terrainen un de Staat ze verkafen."
De Staat géif déi Terrainen da weider ginn un eng Entwécklungsgesellschaft oder un eng Gemeng: "An da kënne mir richteg lassleeën an endlech de Problem vum abordable Wunnraum zu Lëtzebuerg endlech emol méi konsequent ugoen, ewéi dat jee virdru geschitt ass."
Rout Lëns & Co: 30 Prozent abordable Wunnraum
Iwwerdeems missten op den ausgewisenen Terrainen 30 Prozent abordabel Wunnengen entstoen. De grénge Minister nennt d'Beispill vum Projet Rout Lëns zu Esch, wou bis ewell vun 10 bis 15 Prozent abordablem Wunnraum Rieds goung:
"D'Rout Lëns kritt 30 Prozent. Dat ass elo Gesetz. All déi PAPen (Bebauungspläng), déi nach net vum Interieur gutt geheescht goufen, musse sech zënter dem 1. Mäerz un déi 30 Prozent halen. Dat do ass ee gutt Beispill firwat déi sektoriell Pläng eppes bréngen."
Suen amplaz Contrainten
Mee och d'Gemengefinanzgesetz, de Pacte Logement an d'Grondsteierreform kéinten Instrumenter vun der Landesplanung sinn. Bis ewell gouf hei awer op eng méi contraignant Approche verzicht. Dorunner gëtt geschafft, verséchert de grénge Minister.
An et géif een och nach zousätzlech Instrumenter sichen:
"Mir loossen eis och berode vu Schwäizer Experten, déi geholl hunn dat neit Schwäizer Landesplanungsgesetz ze maachen. Vläicht feelt eis hei am Land een Instrument, wou mir soen: Gemengen, déi méi ländlech sinn, datt mir deenen anescht Sue ginn ewéi nëmme wa se méi Awunner hunn."
Wat ee Landesplanungsminister (net) kann
Déi politesch Blocagë fir eng kohärent an nohalteg Landesplanung sinn zënter Joerzéngten déi nämmlecht: Dozou gehéieren d'Gemengenautonomie, d'Interesse vun den Terrainspropritairen an den Drock fir méi Wirtschaftswuesstem.
De Claude Turmes hofft elo drop, datt "Luxembourg in Transition" mat gudden Iddien iwwerzeegt:
"Natierlech ass et de Versuch fir eng Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, well de Landesplanungsminister ass zu Lëtzebuerg - net wéi eventuell an anere Länner - ee Minister, deen duerchgräife kann."
Dem Landesplanungsgesetz no misst den zoustännege Minister mat deenen anere Minister a mat de Gemengen zesumme schaffen. An an deem Kader misst hie versichen, d'Saach virun ze bréngen, esou de Claude Turmes.
Fortschrëtter bei der Elektromobilitéit
Iwwer d'Entwécklunge bei der Elektromobilitéit weist de Claude Turmes sech zefridden. De Minister geet dovunner aus, datt d'Zil vum Energie- a Klimaplang kann agehale ginn: Deemno wieren 2030 zu Lëtzebuerg méi Elektroautoen ewéi Autoe mat Verbrennungsmotor ugemellt.
Wéi d'Primme fir Elektroautoen an och déi steierlech Avantagë fir Leasing-Autoe reforméiert ginn, wollt den Energieminister nach net verroden.
Retarde bei de Renovatioune vu Gebaier
Trotz héije Subventioune géifen ze wéineg Wunnhaiser energetesch sanéiert ginn. Fir d'Klimaziler z'erreechen, missten deemno nei Léisunge fonnt ginn: Notamment soll de bürokrateschen Opwand reduzéiert ginn, fir d'Primmen ze kréien. Och den Accès zu engem zënsfräie Prêt bei der Klimabank soll méi einfach ginn.
An d'Renovatioune selwer misste méi einfach kënnen ëmgesat ginn, esou de Claude Turmes:
"Mir brauchen och nei Konzepter, wéi zum Beispill d'Quartiers-Renovéierung. Also dat wat zum Beispill d'Holänner maachen, datt se da ganz Stroosse probéieren an enger Kéier ze renovéieren."
D'Stad Wien hätt eng weider interessant Léisung entwéckelt, fir d'Sanéierung ze finanzéieren iwwer d'Erlaabnis fir zousätzlech Stäck op Wunngebaier drop ze bauen.