Tubak Ee Véierel vun de Residenten iwwer 16 Joer huet 2021 gefëmmt
D'Zuel u Fëmmerten zu Lëtzebuerg geet weider an d'Luucht. Dat geet aus enger Ëmfro iwwer den Tubak-Konsum zu Lëtzebuerg ervir, déi d'Fondation Cancer am Kader vum Weltdag ouni Tubak publizéiert huet.

2021 huet méi wéi e Véierel vun de Residenten iwwer 16 Joer zu Lëtzebuerg gefëmmt. Bei deene Jonken tëschent 18 a 34 Joer waren et 37 Prozent.
Dës Zuelen - a besonnesch d'Evolutioun vun de Fëmmerte bei deene Jonken - wieren alarméierend, seet d'Directrice vun der Fondation Cancer. "Dat ass enorm", esou d'Lucienne Thommes.
An engem Joer wieren 12 Prozent derbäi komm, an dat ass fir d'Fondation Cancer "ganz schlëmm":
"Well dat u sech deen Alter ass, wou mer gären hätten, datt d'Leit guer net ufänke mat fëmmen, mee awer och deen Alter ass, wou déi meescht dann eng Famill grënnen a wou dann och d'Kanner besonnesch entweder dem Tabagisme passif ausgesat sinn oder och wann e Puppelchen erwaart gëtt, an dann d'Mammen oder Pappen fëmmen, dass dat natierlech och negativ Konsequenze fir d'Kanner huet."
D'Unzuel u Leit, déi fëmmen zu Lëtzebuerg, war zanter 2004 net méi esou héich wéi elo. Déi éischt konsequent Augmentatioun huet d'Kriibsfondatioun 2019 bemierkt. Eng richteg Erklärung fir dës Evolutioun huet een awer net:
"Mir hu gehofft, datt dat esou en eemolegt Phänomen wier. Et ass awer elo sou, datt déi Chifferen sech 2020 an 2021 consolidéiert hunn. Wat do natierlech eng Roll gespillt huet, ass d'Pandemie."
Beléift ass och Shisha
Nieft der Zigarett gëtt bei de Jugendlechen och mol gären zu der Shisha gegraff - eng Waasserpäif, déi mat Tubak mat verschiddene Fruucht-Aromae gefëmmt gëtt. Bei de 16- bis 24-Järegen hu 34 Prozent an der Ëmfro uginn, Shisha ze fëmmen. Do ginn et der Lucienne Thommes no direkt e puer Problemer - ugefaange mam beléifte Goût vun der Shisha:
"Dat mécht, datt et da wierklech och nach agreabel ass. Den zweete Problem ass, datt et acceptéiert ass, sozial gesinn. Mir mierken, datt déi Jonk, awer och d'Elteren d'gesondheetlech Folgen ënnerschätzen. Wéi ëmmer et gëtt awer och an de Reseaux sociauxe Reklamm gemaach. Dat heescht et ass dann awer cool dat do mat ze maachen."
Et misst op ville Pläng eppes gemaach ginn, seet d'Directrice vun der Fondation Cancer. Fir datt d'Leit ophale mat fëmmen oder besonnesch Jonker mol guer net ufänken, misst zum Beispill de Präis vun den Tubaksproduiten nach weider erop gesat ginn.