Coronapandemie Ee Stabiliséierungspak fir d'Ekonomie

De Wirtschaftsminister Franz Fayot seet, den Impakt op déi reell Ekonomie wier elo scho brutal, an d'Kris wier nach net eriwwer. Dofir wier eng national an europäesch Äntwert néideg.

Jean-Claude Franck / cbi

Franz Fayot
De Wirtschaftsminister Franz Fayot

Lëtzebuerg géif déi séier Reaktioun vu Bréissel fir der Ekonomie an de Memberlänner ze hëllefe begréissen, esou de Franz Fayot. Hien hätt besonnesch d'Wirtschaftsministere vun den Nopeschlänner op déi fräi Zirkulatioun vu Wueren an der EU opmierksam gemaach. Déi fräi Zirkulatioun vu Persounen a Servicer wier wichteg, grad fir Lëtzebuerg wier dat wesentlech.

Zu Lëtzebuerg géifen awer och Saache produzéiert ginn, déi vill am Ausland gefrot ginn. Zum Beispill Tyvek vun Dupont wier d'Schutzkleedung géint de Coronavirus. Däitschland hätt no de Gespréicher op EU-Niveau verschidde Restriktioune bei de Gidder opgehuewen.

Kleng- a Mëttelbetriber ginn ënnerstëtzt

Hien hätt mam Lex Delles e Gesetzesprojet deposéiert fir d'Ënnerstëtzung vu Kleng- a Mëttelbetriber. D'Regierung lancéiert e koherenten a substantielle Pak fir déi national Ekonomie ze stäipen, esou de Franz Fayot.

Dat wiere bestoend awer och nei Mesuren, déi vun der ganzer Regierung géife gedroe ginn. De "Covid19-Stabiliséierungspak" géif sech net just op een Domän limitéieren, an dofir wéilt hien net op den Detail agoen.

Keng Scholden néideg

Déi staatlech Investitiounsbank SNCI wier agebonnen, wéi och aner Banken. Eng finanziell Enveloppe fir dee Pak géif hie bewosst net nennen, mee d'Staatsfinanze wiere gesond. "Mir wäerten net kënnen all Betrib hëllefen, mee mir wäerten alles maachen, wat méiglech ass", esou de Wirtschaftsminister.

"Mir mussen hei net iwwer e weideren Endettement schwätzen, well d'Lëtzebuerger Staatsfinanze si gutt", seet de Franz Fayot.

Méi zum Thema

Guy Hoffmann
Coronavirus

Wéinst den Aschränkunge vum ëffentleche Liewe fäerten ëmmer méi Entreprisen, datt et enk kéint gi mat hiren Obligatioune vis-à-vis vun hirer Bank. D'Banke géife mat hire Clienten no Solutioune sichen.

Michel Reckinger.JPG
Wirschaftleche Schued

D'Krisemesurë sinn dem Michel Reckinger no net prezis genuch fir d'Handwierksbetriber. 80.000 Leit schaffen am Secteur. Hie géif dovun ausgoen, datt nach 4.000 Leit fir Urgencë wäerte schaffen déi nächst Wochen. D'Handwierker fuerdere finanziell Ënnerstëtzung.

Entreprisen
Corona-Pandemie

Télétravail, Deelzäitaarbecht a Fermeturen: d'Lëtzebuerger Betriber leiden ënner der Corona-Pandemie a musse sech upassen. D'Regierung huet Mesuren annoncéiert, fir de Betriber ze hëllefen.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen