Réckbléck Ee Joer Tram

Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram am 100,7 Interview.

Pierre Reyland / cz

Reparaturen am neien Tramschapp

Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, esou den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram am 100,7 Interview. E Méindeg ass et genee ee Joer hier, datt den Tram ageweit gouf. Haut fiert den Tram vun der Luxexpo um Kierchbierg bis op d'Stäreplaz. An zwee Joer, Enn 2020, soll e bis op d'Stater Gare fueren. Den Tram hätt gehollef, den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen, sou de Generaldirekter vu Luxtram. D'nächst Joer géife progressiv méi Trammen agesat gi fir d'Frequenz nach ze verbesseren. De gratis ëffentlechen Transport begréisst de Luxtram Generaldirekter. De finanziellen Impakt dovun op d'Recettë vu Luxtram géifen nach analyséiert ginn.


Den Interview mam André Von der Marck vum Pierre Reyland:

Lauschteren

Méi zum Thema

Luxtram
Mobilitéit

D'UNESCO gëtt an engem Avis gréng Luucht fir den Tronçon B vum Tram a schwätzt vun engem "progrès dans la vie urbaine". E Gespréich mam Robert Philippart, Site Manager vun der UNESCO an der Stad Lëtzebuerg.

André von der Marck
Luxtram

Tëscht der Rouder Bréck an dem Parking Glacis ass den Tracé vum Tram méi komplex. De Generaldirekter vu Luxtram confirméiert Meldunge vu Medien. Déi zousätzlech Käschte géife vu Luxtram iwwerholl ginn.

Ministere virum Tram
Offiziell ageweit

Zënter gëschter ass den Tram offiziell a Betrib. Am Mëttelpunkt stoung d'Geschicht an d'Zukunft vum Tram an et gouf Wahlkampf bedriwwen. Mä net alles huet op dësem historeschen Dag geklappt.

D'Wäschanlag vum Tram
Verkéier

Vun dësem Sonndeg un transportéiert den Tram Passagéier vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck. Am neien Transportmëttel stécht vill Technik. Am Tramsschapp gëtt sech dorëms gekëmmert.

Tram
Ëffentlechen Transport

Zënter en Donneschdeg fiert den Tram ënner reelle Konditiounen um Kierchbierg erop an erof. Zënter Juli waren d'Testfahrten ëmmer nëmmen owes. Elo soll jidderee sech un den Tram gewinnen.

Jean-Claude Thümmel.JPG
Tram

De President vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband kritiséiert d'Direktioun vu Luxtram: D'Gewerkschaft géing ausgeschloss ginn. D'Direktioun wéilt selwer eng Personaldelegatioun opstellen.

 

Net verpassen

  • Genéisst eise Summerprogramm

    Net verpassen - Summerprogramm.jpg

    An den nächsten aacht Woche presentéiert de radio 100,7 sengen Nolauschterer e flotte Summerprogramm, deem et un näischt feelt.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen