Educatiounsministère "D'Mataarbechter rassuréieren"

Nom Fall Michel Lanners wëll den Educatiounsministère senge Beamte schrëftlech versécheren, datt si sech och an Zukunft politesch kënnen engagéieren – egal a wéi enger Partei. An datt dat wënschenswäert wier.

Serge Kesseler / ckl

Exklusiv Claude Meisch
Den Educatiounsminister Claude Meisch

"Engagéiert Leit, déi privat Iwwerzeegungen hunn, gehéieren zum ëffentlechen Déngscht", seet de Lex Folscheid, Premier conseiller de gouvernement am Educatiounsministère. Deemno bréicht keen am Ministère Konsequenzen ze fäerten, am Fall wou hien sech politesch engagéiert. "Am Géigendeel, mir sti voll hannert hinnen an ënnerstëtzen si, wa si esou Engagementer aginn", sou de Lex Folscheid

Ënnert de ronn 500 Beschäftegten am Educatiounsministère géifen et Dosende Leit ginn, déi partei-politesch engagéiert wieren. Mat der Duerstellung am Lëtzebuerger Wort, datt de Michel Lanners als "CSV-Beamte" forcéiert gi wier ze goen, an also d'Direktioun vun der Hotelsschoul ze iwwerhuelen, ass de Lex Folscheid deemno net averstanen. "Ech mengen, datt déi do Form vu Berichterstattung kontraproduktiv ass, an an dësem Fall d'Mataarbechter veronséchere kann. Dat ass eppes wat mir op kee Fall wëllen", erkläert de Lex Folscheid.

Ee Courrier un d'Beamten

D'Thema ass am Cabinet vum Minister diskutéiert ginn, erkläert den Éischte Conseiller. D'Resultat war dobäi d'Iddi "d'Mataarbechter ze rassuréieren". Domat gemengt ass, datt de Message soll vermëttelt ginn, "datt et wënschenswäert ass, datt eis Leit sech gesellschaftlech an och politesch engagéieren". Um Méindeg ass decidéiert ginn, ee Courrier an deem Sënn un d'Beamten ze verschécken.

Dem Michel Lanners seng Kandidatur fir Direkter vun der Hotelschoul ze ginn, wier iwwerdeems net déi eenzeg gewiescht, erkläert de Lex Folscheid weider. Eng vun deenen anere Kandidature wier net eligibel gewiescht. "Et ass jo ee vun de grousse Problemer, datt ee fir den Zougank zu engem Direkteschposten eng Rei Joren an der Carrière supérieure beim Staat an der Educatioun muss geschafft hunn", sou de Lex Folscheid.

Direktioun vun der Hotelsschoul och fir Horescasecteur

Dowéinst wieren Ännerungen um Gesetz vun der Hotelschoul geplangt, fir och de Leit aus dem Horesca-Beräich den Zougank zum Direkteschposte méiglech ze maachen.

Dem Lex Folscheid no géif et nach kee konkreten Datum ginn, wéini de Michel Lanners op sengem neie Poste an der Hotelschoul zu Dikrech ufänkt, no senger wahrscheinlecher Nominatioun e Freideg am Regierungsrot.

Courrier un d'Beamten aus dem Educatiounsministère

Méi zum Thema

claude meisch.JPG
Schoulpolitik

All Schüler huet seng eege Besoinen, d'Schoul muss méi individuell op d'Kanner agoen, seet den Educatiounsminister. Dat bedeit méi Autonomie fir d'Acteuren. De Claude Meisch wëll awer net falsch verstan ginn. 

Jean Guill.JPG
Jean Guill vun der CSSF

De Nach-Direkter vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz (CSSF) mengt, d'Land wier gutt opgestallt. Mee iwwert de Schoulsystem misst ee sech Gedanke maachen. 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen