Verfassungsreform "Ech si gespaant, wat de Staatsrot dozou seet"

De Paul-Henri Meyers schléisst net aus, datt de Staatsrot erëm kéint verlaangen, datt et e komplett neien Text fir d'Verfassung gëtt, esou wéi de Conseil d'Etat dat schonn 2012 gefrot hat. Dat huet de fréieren CSV-Deputéierten a fréiere Member vum Staatsrot Paul-Henri Meyers däitlech gemaach.

Serge Kesseler / cbi

Paul-Henri Meyers
De fréieren CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers

De Paul-Henri Meyers iwwer de Rôle vum Staatsrot

"Ech si gespaant, wat de Staatsrot dozou seet", esou den 82 Joer ale Jurist a laangjärege President vun der Institutiounekommissioun an der Chamber. "Ech kéint mer ganz gutt virstellen, datt de Staatsrot seet, bleift beim Projet wéi e virlouch", huet de Paul-Henri Meyers erkläert.

D'Fro, ob déi rezent Decisioun vun den dräi Majoritéitsparteien a vun der CSV geholl gouf, fir kee Referendum iwwert d'Verfassung mussen z'organiséieren, konnt de Paul-Henri Meyers iwwerdeems net kloer beäntwerten.

De Paul-Henri Meyers: Kee Referendum iwwer d'Verfassung?

D'Changementer an de Positioune vu senger Partei, der CSV an de leschte Méint beim Thema Verfassung hätt hien net verstanen, esou nach de fréieren Deputéierten.

De Paul-Henri Meyers deelt d'Analys, datt eng Verfassung eppes Evolutives ass, an och nei Elementer wéi zum Beispill de Klimaschutz kéinten an d'Grondgesetz stoe kommen.

"Et muss een awer gutt oppassen: et kann een net eng Verfassung schreiwen a soen d'nächst Joer ännere mir se erëm. Et muss eng gewësse Stabilitéit do sinn an et muss e sech och eens sinn, datt wesentlech Elementer net liichtfankeg geännert ginn. Datt een nei Iddien era bréngt, jo. Mee nach muss ee wëssen, wat een dorënner versteet: wat versteet een ënner Klimaschutz, wéi kann ee juristesch déi Notioun do faassen a wéi kann een déi an engem valabele juristeschen Text ausdrécken. (...) Et muss ee bei der Verfassung ëmmer oppe si fir all Diskussiounen déi rabruecht ginn, ganz egal vu wéi enger Partei datt se kommen."

Eng Moderniséierung an dräi Schrëtt

An der Chamber gëtt de Moment un enger geplangter Moderniséierung vum Grondgesetz geschafft, fir déi ronn 40 Punkte sollen ofgeännert ginn. Déi véier grouss Parteien haten Enn November decidéiert, datt et keng ganz nei Verfassung soll ginn.

D'Verfassung soll an dräi grousse Bléck moderniséiert ginn huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ugekënnegt. De Volet Justiz soll schonn am Laf vum nächste Joer an der Chamber kënne gestëmmt ginn, esou de Kommissiounspresident. Déi aner béid grouss Bléck wieren d'Institutiounen an déi ëffentlech Rechter a Fräiheeten.

Den Alex Bodry iwwer d'Enquêtëkommissioun an der neier Verfassung

Donieft sollen d'Titele vun alle Kapitelen am Grondgesetz moderniséiert ginn. Dem Alex Bodry no géif et d'Ziel bleiwen e koherenten Text ze schafen. Dem LSAP-Politiker no géifen d'Diskussioune konstruktiv lafen: et wier een op engem Wee, deen zum Ziel wäert féieren.

Dem CSV-Deputéierte Léon Gloden no wier et keng "onméiglech Missioun" mat der geplangter Verfassungsreform an Etappen, e koherenten Text ze schafen.

D'Prioritéite fir de Léon Gloden an der Verfassungsreform

Kritik vun déi lénk

Mat der Decisioun vun der CSV an den dräi Majoritéitsparteien, keng komplett nei Verfassung ze maachen, hätte si sech an der Däiwelskiche beginn, esou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum. DP, LSAP an déi gréng géife - senger Meenung no - gutt Meenung zum béise Spill maachen.

De Marc Baum: Kritik un de véier grousse Parteien

Dem Marc Baum no wier ee vun de grousse Virdeeler vum Text fir eng ganz nei Verfassung gewiescht, datt en och eng nei Struktur fir d'Grondgesetz presentéiert hätt: Elo wier eng systematesch Approche vill méi schwéier, mengt den Oppositiounsdeputéierten.

Méi zum Thema

Luc Heuschling
Verfassungsreform

De Verfassungsrechtler Luc Heuschling bedauert, datt et just zu enger punktueller Verfassungsännerung kënnt. Et wier awer gutt méiglech, datt et zu verschidde Froen awer Referende wäert ginn.

Illustratioun fir Artikel iwwer Verfassungsreform
Just eng punktuell Reform vun der Verfassung

Fir den Text vum Grondgesetz ze moderniséieren, sollen an den nächsten zwee Joer, a verschiddenen Etappen, nëmmen nach d'Haaptiddie vun der geplangter grousser Reform decidéiert ginn.

Verfassung vu Lëtzebuerg
Verfassungsreform

Dat aktuellt Grondgesetz soll a Phase reforméiert ginn. Dat gouf den Dënschdeg no der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt. E grousse Verfassungs-Referendum wäert et net ginn.

Alex Bodry
Reform vun der Verfassung

De President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun, den Alex Bodry, kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen