arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hat d'Gefill, do gëtt gemauert"

#OpenLux

|
reading time

4 min

"Ech hat d'Gefill, do gëtt gemauert"

PanamaPapers, ParadisePapers oder nach d'Ibiza-Äffär, de Frederik Obermaier war schonn u villen Recherchë bedeelegt, déi international ee groussen Impakt haten. De Investigativ-Journalist vun der Süddeutsche Zeitung, Joergank 1984, huet och elo un den OpenLux-Recherchë matgeschafft. Am 100,7-Interview erkläert hie seng a Approche a kritiséiert, wéi déi Lëtzebuerger Politik zum groussen Deel mam Dossier OpenLux ëmgeet.

reading time

4 min

De Frederik Obermaier gesäit d'OpenLux-Recherchen als eng Zort Effikassitéits-Test fir de Lëtzebuerger Firmen-Regëster. Hält en säin Transparenz-Verspriechen, oder net, sou kéint een d'Fro kuerz resuméieren.

De Lëtzebuerger Firmeregëster hätt zwar vill Virdeeler, mee ee vun den Nodeeler wier, datt ee just no Firmennimm kéint sichen, awer net no Nimm vu Privatpersounen. Fir deem nozegoe wier d'Hëllef vun den Datejournaliste vum franséischen LeMonde néideg gewiescht: esou hätt een et hikritt, och no Persoune sichen ze kënnen.

"Dann haben wir uns einfach angeschaut, wie viel so ein Transparenzregister wirklich bringt, was dort wirklich angegeben wird. Und [wir] sind darauf gestossen, dass bei etwa der Hälfte der Firmen eben nicht die wahren Eigentümer dieser Firma aufgeführt sind, sondern oft nur Geschäftsführer, denen aber in Wahrheit diese Firmen gar nicht gehören oder auch mal gar keine Angaben oder falsche Angaben drin sind."

Souwäit, sou bekannt. De Frederik Obermaier gëtt och direkt ze verstoen: net nëmmen de Lëtzebuerger Regëster wier genee ënner d'Lupp geholl ginn, mee et hätt ee sech och den däitschen Transparenzregëster ugekuckt. Och hei géifen et vill Defiziter ginn.

Politik deet sech schwéier mat #OpenLux

Déi Lëtzebuerger Politik, virop d'Majoritéitsparteien, mee och Grouss Deeler vun der Oppositioun di sech schwéier mat der Berichterstattung vum Journalisten-Konsortium hanner OpenLux.

Et wier näischt Neies dran, sou den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel. "Lëtzebuerg géif hei an een Eck gedréckt gi wou et net hi gehéiert", sot säin Homolog vun der DP, Gilles Baum. An: bei dëse Recherchë géif net just dat journalistescht Gespier eng Roll spillen, mee och d'Konkurrenz ënner den internationale Finanzplazen.

Vu Säite vun der Promotiounsplattform Luxembourg for Finance oder nach dem Iwwerwaachungscomité CSSF gëtt vun "Onverständnis" fir an enger "Attack" op déi Lëtzebuerger Finanzplaz geschwat.

Keng international Verschwörung

De Frederik Obermaier seet dozou just, datt et keng international Verschwörung gëtt. An hire Recherchë widme sech d'Journalisten de Steieroasen an ontransparente Firmestrukturen. Dës Kéier hätt een de Fokus eben op Lëtzebuerg geluecht.

D'Undeitungen, d'Journalisten hanner OpenLux kéinten eng Zort Spillbäll gi sinn am Kampf tëscht de Finanzplaze ronderëm Lëtzebuerg, léisst de Journalist op kee Fall gëllen. Et géif een déi Beräicher recherchéieren, wou et e groussen ëffentlechen Interêt gëtt.

"Es ist nicht so, dass ein Finanzplatz, wo auch immer er wäre, irgendwie Einfluss auf unsere Berichterstattung ausüben würde oder könnte, das ist komplett absurd und hanebüchen. Ich finde übrigens auch, um das auch mal in aller Deutlichkeit zu sagen, auch nen Vorwurf, der - wenn er von Politikern ausgesprochen wird - höchst unverantwortlich [ist], denn das unterstellt das Medien sich in ihren Recherchen steuern lassen würden, was schlichtweg falsch ist."

D'Süddeutsche Zeitung huet zum Deel eleng, zum Deel zesumme mam franséische Monde e Froekatalog un déi Lëtzebuerger Autoritéiten geschéckt. De Retour beschreift de Frederik Obermaier awer als éischter wéineg effikass:

"Wir haben Informationen bekommen, sehr sehr langsam,sehr sehr wenig zum Teil, oft auch nach wiederholten Nachfragen, also deswegen ist es auch nicht so dass ich sagen muss, mir hat sich hier ein Leuchtturm der Transparenz dargestellt. Sondern, das war auch schon immer wieder ein Zögern. Ich hatte das Gefühl, da wird gemauert, man stellt sich nicht den Fakten."

"Lëtzebuerg kéint méi maachen"

Fakt wier awer, dass Lëtzebuerg méi géint Geldwäsch kéint maachen, sou de Frederik Obermaier, eppes wat jo de Finanzminister an d'Justizministesch och zouginn hunn, Stéchwuert "Loft no uewen".

Datt zanter Luxleaks Verbesserunge zu Lëtzebuerg komm sinn, streit de Journalist Frederik Obermaier net of. Hie seet awer: d'Aufgab vum Journalist ass et d'Ëmsetzung vun neie Gesetz ze préiwen:

"Natürlich gibt es Gesetze, aber die Einhaltung dieser Gesetze müssen natürlich von Behörden auch überprfüft und im Zweifel saktionniert werden und es ist natürlich so dass ich da um Verständnis bitten muss, das genau das unerer Aufgabe ist. Unsere Aufgabe als Journalisten ist es nicht zu verkünden dass ein Gesetz verabschiedet wurde, das kann man berichten, aber man muss dann auch die Einordnung liefern, wie in der Praxis gegen Geldwäsche oder potenzielle Geldwäsche oder mutmassliche Verstösse gegen Regularien, wie die gelebt werden."