UNO-Migratiounspakt "Ech gesinn dat als falsch un"
Jean Asselborn ass enttäuscht, datt eng Partie Länner sech géint den UN-Migratiounspakt ausgeschwat hunn. Am 100,7-Interview reagéiert hien och op den Attentat um Chrëschtmaart zu Stroossbuerg.
Dat, wat zu Stroossbuerg geschitt ass, ass schrecklech. Et muss ee fir d'éischt un déi betraffe Leit an hir Famillen denken. Déi Persoun, wann ech richteg gelies hunn, ass a Frankräich gebuer a sollt gëschter verhaft ginn. Et stellt sech als éischt d'Fro, wéi esou ee Mann u Waffe konnt kommen, fir op d'Leit ze schéissen. Am Haus sollen och Granate fonnt gi sinn. Dozou muss ee soen, datt déi Leit, déi mat Waffen handelen, och am Internet, genee esou Krimineller sinn, wéi déi Leit, déi schéissen.
Dat zweet, wat ee soe muss, ass dat d'Sécherheet um Chrëschtmaart zu Stroossbuerg immens héich ass a war, mee 100 prozenteg Sécherheet ass net ze garantéieren. Ech hoffen, datt den Täter haut nach fonnt gëtt, datt hien net nach anere Misär uriichte kann.
Zum Brexit: D'Theresa May huet de Vott iwwer de Brexit am britesche Parlament verréckelt an ass gëschter zeréck op Bréissel gefuer, fir do fir weider Zougeständnesser ze kämpfen.
D'Theresa May kënnt net op Bréissel fir eis opzeklären, wéi et a Groussbritannien ausgesäit. Si kënnt, fir eppes ze froen, an ech ka mir nëmme virstellen, datt si weess, datt dee ganze Pak net méi kann opgemaach ginn. Dat ass de beschtméiglechen Deal, dee mir hunn, esouwuel den Artikel 50, wéi och déi politesch Deklaratioun.
Ech mengen awer, datt d'Europäesch Unioun dozou bereet wäert si fir doriwwer nozedenken, datt een net an de "Backstop" erakënnt. Groussbritannie wäert an deem Fall der Zollunioun enk verbonne bleiwen a wäert keng Handelsverträg mat Drëttstaate maache kënnen. De "Backstop" ass eng Garantie, datt et keng haart Grenz mat Irland wäert ginn, och wa keen Deal zustane kënnt. D'Europäesch Unioun hat Irland dat zougestanen, mee och d'Britte wëlle keng physesch Grenz.
Et schéngt mir machbar, datt d'Europäesch Unioun an der Iwwergangszäit bis den 1. Januar 2021 alles dofir mécht, datt e Wee fonnt gëtt, fir kee Gebrauch vum "Backstop" maachen ze mussen. Ob dat a Groussbritannien ze maachen ass, dat schéngt mir eng aner Fro. D'britescht Parlament muss dat bis den 21. Januar maachen, well bis dann déi britesch Legislatur undauert. An dann ass et net méi laang bis den 29. Mäerz, wou den Austrëtt vu Groussbritannie sou oder sou stattfënnt.
E Méindeg gouf zu Marrakesch den UN-Migratiounspakt ugeholl. Eng Partie EU-Länner stellen dee Pakt a Fro. Wou kënnt de Wandel bei deene Länner hier?
Een Drëttel vun den EU-Länner hunn net matgemaach, an ech gesinn dat als total falsch un. An Europa si mir eng Referenz a Punkto Mënscherechter. Mir gi momentan awer e Bild vun der Zerrassenheet of. Mir hunn als Europäesch Unioun net méi um Accord mat verhandelt.
Et ginn hei zwou Zorte Länner: Dat eent si Länner, déi an hirer Philosophie, an hirer Mentalitéit, einfach géint d'Opnam vu Flüchtlinge sinn. Dir kennt déi Länner mat Ungarn a Polen un der Spëtzt. D'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun huet sech aus der Diskussioun erausgehalen an dat hätt ni dierfe geschéien. Doropshin hu verschidde Länner, wou et Koalitiounsregierunge mat staark rietsnationalistesche Parteie gëtt, Chantage gemaach an déi Parteien hunn dann hir Koalitioun ënner Drock gesat. D'Belsch ass dat beschte Beispill heifir, mee ech muss dem belsche Premier Charles Michel Respekt dofir zollen, datt hien dogéint gehalen huet. Ech mengen, dat deet der Belsch gutt, wat hie gemaach huet. Domadder kann ee Wahle verléieren, mee et ass richteg a wichteg, datt et nach Leit gëtt, déi de Courage hunn an Europa, fir weiderhi mat der UNO zesummenzeschaffen a sech weiderhin zum Multilateralismus ze bekennen. Dat ass mengen ech eng Grondviraussetzung vun där Weltuerdnung, déi nom Zweete Weltkrich opgebaut ginn ass.
Ka Lëtzebuerg da spezifesch eppes maache fir déi Solidaritéit nees ze stäerken?
Ech mengen, datt mir gemaach hunn, wat mir konnte maache fir ze warnen. Mee dat sinn alles Decisiounen, déi net um europäeschen, mee um nationale Plang geholl ginn.