BOOSTER-IMPFUNG ECDC: Weider Impfdosis fir breet Populatioun "net dréngend néideg"

D'Europäesch Gesondheetsagence ECDC kënnt zur Conclusioun, datt d'Opfrëschung vun der Covid-Impfung den Ament "net dréngend néideg" wier. Et géife weider Donnéeën gebraucht ginn, ier ee kéint tranchéieren. Zu Lëtzebuerg waart d'Regierung op den Avis vu Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI), ier eng Decisioun doriwwer geholl gëtt, ob a wéini eng Covid-Impfung muss opgefrëscht ginn.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Drëtt Impfdosis
Zu Lëtzebuerg kréien den Ament just Leit mat enger Immunschwächt eng drëtt Impfung. Foto: picture alliance/dpa | Wolfgang Kumm

Lauschteren


Eng sou genannte Booster-Dosis, also eng weider Impfdosis fir Persounen, déi scho komplett geimpft sinn, gëtt den Ament just fir besonnesch immunschwaach Leit geroden. Eng Recommandatioun, déi Lëtzebuerg schonn zanter Juli esou ëmsetzt.

Dem neiste Rapport vun der Europäescher Gesondheetsagence ECDC no kéint een och consideréieren, méi fragillen eelere Leit, déi an engem Fleegeheem liewen, eng weider Dosis ze ginn. Eng allgemeng Opfrëschung bei voll Geimpfte wier den Ament awer net dréngend noutwenneg.

Impfunge brénge scho vill Schutz

D'ECDC erënnert drun, datt aus der Perspektiv vun der Santé public d'Zil vun der Impfstrategie dora besteet, schwéier Krankheetsfäll ze verhënneren. Dofir sollt och d'Effikassitéit vum Vaccin géint schro Erkrankungen als de wichtegste Krittär gëllen, wann et drëms geet, ze tranchéieren, ob d'Covid-Impfung muss opgefrëscht ginn.

D'Donnéeë géife weisen, datt effektiv all d'Vaccinen, déi vun der EMA fir d'EU zougelooss goufen, eng héich Protektioun géint eng Hospitalisatioun, ee schwéiere Verlaf oder awer d'Stierwen un der Krankheet bidden.

ECDC wëllt nach ofwaarden

Fir ze wëssen ob a wéini genee eng weider Dosis néideg ass, misst ee weider Etüden iwwer d'Effikassitéit vum Vaccin an der allgemenger Populatioun an de spezifesche Gruppen ofwaarden. Et misst een och d''Vir- an d'Nodeeler genee ofweien.

D'ECDC weist schonn emol op een Nodeel hin: vill Länner baussent der EU hu nach ëmmer Krämpes, genuch Vaccin ze kréien. Dat kéint nach méi schlëmm ginn, wann elo an der EU Booster-Dosissen un déi breet Populatioun verdeelt ginn.

Prinzipiell hätt d'EU dofir genuch Vaccinen, sot gëscht de Spriecher vun der Kommissioun. Eleng bei Pfizer/BioNTech goufe weider 1,8 Milliarden Dosisse bestallt. Och mat Moderna ass ee Kontrakt iwwer 150 Milliounen Dosissen ënnerschriwwe ginn. "Mir hunn déi néideg Mesure geholl, fir prett ze sinn", sou de Stefan de Keersmaecker.

Méi zum Thema

Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
Pressekonferenz nom Regierungsrot

De Premier mécht e weideren Appell un d'Populatioun fir sech impfen ze loossen, et wier genuch Impfstoff disponibel. Eng Impfpflicht wier fir hien awer wieder keng Optioun, sou de Xavier Bettel.

Paulette Lenert, ministre de la Santé
Covid-Impfung

D'Covid-Situatioun hei am Land ass stabil an d'Impfunge weisen kloer hir Wierkung, esou d'Konklusioune vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Aktuell si 67,5 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer komplett geimpft.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen