arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E weidere Lëtzebuerger Vëloprofi um héchsten Niveau

Vëlosport

|
headphones

2 min

E weidere Lëtzebuerger Vëloprofi um héchsten Niveau

Lëtzebuerg kritt e weidere Vëloprofi um allerhéchsten Niveau. De Michel Ries, deen Enn August am Tour de l'Avenir mat zwou zweete Plazen op Biergetappen an enger siwenter Plaz am Général op sech opmierksam gemaach hat, geet bei Trek Segafredo.

headphones

2 min

Zanter zwee Joer ass hie bei der Equipe Kometa gefuer, déi dem Alberto Contador gehéiert, an als Nowuessequipe vun Trek Segafredo gëllt. Fir den 21 Joer jonke Cyclist ass mat der Ënnerschrëft vum Vertrag en Dram an Erfëllung gaangen.

Datt hie säi Kontrakt schonn Ufank August ënnerschriwwen hat, hätt him eng gewësse Sécherheet fir den Tour de l'Avenir ginn. Hien hätt nieft Trek Segafredo nach weider Méiglechkeete gehat, fir sech fir eng Profi-Equipe ze decidéieren, sou de Michel Ries, schlussendlech hätt d'Iddi vun Trek hien awer iwwerzeegt.

De Michel Ries gëllt als ganz gudde Grimpeur. Beim Tour de l'Avenir Enn August war hien zwee Mol op Biergetappen an den Alpen deen Zweete ginn.

"Ech war d'lescht Joer schonn eng Kéier op enger Etapp do Zweeten, an ech hätt ganz gär déi zweet Plazen géint eng Victoire dohanne getosch. Mee ech denken, ech kann net onzefridde si mat zwou zweete Plazen op där gréisster Course fir U23. Dat muss een esou acceptéieren an zefridde sinn."

Am Général hat de Michel Ries sech um Enn als Siwente klasséiert.

Hien huet d'Ënnerscheeder tëschent deem Niveau, op deem hie bis elo gefuer ass, an der absoluter Weltklass scho kennegeléiert. U23-Course géifen an der Reegel méi chaotesch oflafen, an um héchsten Niveau méi taktesch gefuer ginn, an den Tempo wier méi héich.