arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E véierte SAMU

Reform vun de Rettungsdéngscht

|
reading time

1 min

E véierte SAMU

Deen neien CGDIS, den nationale Corps vun de Rettungsdéngschter, denkt driwwer no fir nieft den aktuellen dräi SAMUen ee véierten unzeschafen, deen am ganze Land kéint agesat ginn. Parallel schafft déi medezinesch Direktioun vum CGDIS un enger Collaboratioun mat privaten Dokteren, déi op enger fräiwëlleger Basis kéinte fir Urgencëfäll agesat ginn.

reading time

1 min

Den 1. Juli ass bei de Rettungsdéngschter eng vun de gréisste Reformen a Kraaft getrueden, déi et am Secteur jee gouf. Zil ass et, de ganze Corps ze professionaliséieren an den Zougang zu engem qualitative Service iwwerall am Land ze garantéieren. An enger éischter Phas goufe 50 Persoune rekrutéiert, déi elo an der Formatioun sinn. Am Hierscht sollen der nach 50 dobäi kommen.

Bis elo waren d'Gemenge fir hiren Territoire zoustänneg, op d'mannst wat d'Pompjeeën ubelaangt. Elo gëtt et een eenzege Corps fir d'ganzt Land. Am CGDIS, dem Corps grand-ducal d'incendie et de secours fënnt een d'Pompjeeën an de Samu, also de Service d'aide médicale d'urgence.

Bei de Rettungsdéngschter si weiderhin eng 6.000 Fräiwëlleger aktiv, dorënner 1.500 Persounen, déi beim SAMU matschaffen, 1.100 sinn an der Pompjeesjugend. An iwwer 1.000 si Veteranen.