Franséisch Atomindustrie E Spill mam Feier

Mat engem Gesetz, wat am Moment an der Prozedur ass, wëll déi franséisch Regierung nei Atomzentrale méi séier kënne bauen. Dowéinst fält ënner anerem de 50 Prozent Deckel fir Atomenergie aus dem aktuelle Gesetz. Ma och bei de Kontrollinstanze kënnt et zu ferme Changementer. Dat ass e geféierlecht Spill mam Feier, mengt de Jacques Ganser a sengem Commentaire.

Jacques Ganser / sos

Kommentar Jacques Ganser Portrait

Lauschteren


Et war keen einfacht Joer fir déi franséisch Atomindustrie. Souguer wann een net prinzipiell géint Atomkraaft ass, et ginn zolidd Argumenter dergéint: si verhënnert den Ausbau vu alternativen Energiequelle wou grad Frankräich en enormt Potential huet, nei Anlagen si praktesch net ze bezuelen, an et gëtt keng Léisung fir den Offall.

Gréisser Suergen

Dobäi kommen eng Hellewull un aktuelle Problemer: De Prestigeprojet EPR zu Flamanville huet iwwer zéng Joer Retard an d'Käschte si mat bis elo 13,2 Milliarden Euro komplett aus dem Rudder gelaf. De Konzern EDF huet misse verstaatlecht gi fir en virun der Quasi-Faillite ze retten.

D'Disponibilitéit vun de franséischen Zentrale louch leschte Summer op engem Rekorddéif. Ze wéineg Killwaasser wéinst der Rekordhëtzt an Entretiensaarbechte wéinst Rëss hunn d'Produktioun gestoppt.

Och am Reakter Nummer 3 zu Cattenom gouf virun enger Woch elo een neie Rass am Sécherheetssystem entdeckt. Déi Lëtzebuerger Regierung huet wéinst dësen neie Rëss ee Bréif un déi zoustänneg franséisch Ministèrë geschéckt an ëm Informatioune gefrot.

Ma am Bréif vun der Lëtzebuerger Regierung, deen eis virläit, gëtt eng weider Suerg formuléiert: Mam Gesetzesprojet, mat deem den Ausbau vun der Atomkraaft a Frankräich méi séier viru goe soll, ginn déi zwou wichtegst Kontrollinstanzen zesumme geluecht. Den Institut de radioprotection et de sûreté nucléaire IRSN, en établissement public fir Expertise a Fuerschung, soll an Zukunft mat der Autorité de sûreté nucléaire ASN zesumme geluecht ginn.

Den demokratesche Prozess a Fro gestallt

Eng Decisioun, déi komplett onerwaart an hanner zouenen Diere gefall ass, soen d'Kritiker. Et ass fir déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt a Frankräich Gewerkschaften, Ethikkommissioun, conseil scientifique a Politiker vu verschiddene Borden sech entsat weisen. An dat onofhängeg dovunner, ob si pro- oder antinucléaire sinn. Virop well den demokratesche Prozess net respektéiert gouf.

D'Trennung vun deenen zwou Kompetenze wier deemno ee Garant dofir gewiescht, datt et a Frankräich bis elo net zu engem gréisseren Atomtëschefall koum. Déi franséisch Regierung schwätzt vu "fludifier le fonctionnement". Wat dat an der Praxis heescht dierft kloer sinn: fir d'Erneiere vum alen Atompark ze forcéieren, ginn déi Stëmme blockéiert, déi duerch hir kritesch Expertis riskéieren, Projeten ze bremsen. A wann herno dee selwechten Techniker, deen d'Risiken evaluéiert, och soll decidéieren, ob eng Zentral aus Sécherheetsgrënn ofgeschalt gëtt oder net, da kënnt ee séier an en Interessekonflikt. Wéi ëmmer een zur Atomkraaft prinzipiell steet, Frankräich spillt mat dëser Decisioun mam Feier.

An der Mediathéik:

Commentaire / / Jacques Ganser
Lauschteren

Méi zum Thema

Atomzentral zu Cattenom
Diskussioun a Frankräich

A Frankräich wëll d'Regierung mat engem Gesetz den Ausbau vun dem Nuklearpark undreiwen. Kritiker warnen awer scho virun de Konsequenzen.

Waasserzougank
Wéineg Reen

A Frankräich gouf et am Februar e Minusrekord beim Reen. Kënnt et am Summer nees zu enger Dréchent?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen