Lëtzebuerger Presselandschaft E mouvementéiert Joer fir d'Medien

Dat vergaangent Joer war ganz mouvementéiert, wat déi Lëtzebuerger Presselandschaft ugeet. ​​Am Confinement goung et op eemol net méi. Den Zeitungsediteuren, déi zanter Jore mat Abousse bei de Recetten an deels och bei der Lieserschaft ze kämpfen hunn, si Pubsrecetten ewechgebrach. Si hunn d'Regierung an engem gemeinsame Bréif ëm eng finanziell Ënnerstëtzung, iwwer déi normal Pressehëllef eraus, gefrot.

Michèle Sinner / cz

Zeitungen

Enn Abrëll koum déi historesch Nouvelle: Lafayette, also de Bistum, zitt sech bei Saint-Paul, also dem Luxemburger Wort zeréck a verkeeft un d'Flamänner vu Mediahuis. De Pit Hentgen, Verwaltungsrotspresident vu Lafayette huet deemools erkläert, et kéimen nei Chargen op de Bistum zou. Et misst een an Zukunft och d'Paie vu Geeschtlechen a vu Katecheete selwer bezuelen.

De Patrimoine vum Bistum wier net esou grouss, et kéint een net bei Saint-Paul investéieren, dofir hätt een en industrielle Partner gesicht.

Ufank Mee koum dunn d'Krisenhëllef fir d'Press. D'Regierung huet 5.000 Euro pro Journalist bei engem Plaffong vun 200.000 Euro accordéiert.

De Lëtzebuerger Journal, der Zeitung, déi dem Premier Xavier Bettel senger Partei DP nosteet, huet dat awer net méi gerett. De Chefredakter Claude Karger huet erkläert, datt een déi gedréckte Versioun vun der Zeitung Enn des Joers géing astellen. Bei der Annonce Mëtt Juni sot hien, datt hie sech géif wënschen, datt déi Reform "relativ schnell" géif kommen.

De Presserot net zefridde mam Avant-Projet

Déi nei Pressehëllef sollt am Fong scho virun de Walen 2018 erduerch sinn. Mëtt Juli gouf dunn de Projet an der Chamber deposéiert. D'Pressehëllef soll elo och fir Mensuellen an Online-Medie gëllen. An et soll dann och net méi d'Zuel vun de Säiten, mee d'Zuel vun de professionelle Journaliste subventionéiert ginn, déi fir d'Redaktioun schaffen. Allerdéngs mat manner Suen, wéi nach am Avant-Projet stoung. Do ware 55.000 Euro op de Kapp virgesinn, am Projet, deen an d'Chamber goung awer just nach 30.000 Euro.

De Jean-Lou Siweck, President vum Presserot, dee viru Kuerzem säin Avis ofginn huet, seet, dat hätt zur Konsequenz:

"Fir déi kleng Redaktiounen, datt et wierklech just duergeet, fir just dee Montant ze halen, dee se virdrun haten, fir déi mëttel Redaktiounen heescht et, datt et relativ staark erofgeet a fir déi grouss heescht et, datt eigentlech just eng eenzeg Redaktioun am ganze Land iwwerhaapt un de Plaffong vun 1,6 Milliounen Euro, deen am Gesetz steet, iwwerhaapt erukënnt."

De selwechten Dag gouf an der Chamber d'Consultatiounsdebatt iwwer de Service public an den audiovisuelle Medien ofgehalen. Dobäi huet de President vun der Mediekommissioun, den DP-Deputéierte Guy Arendt, sot, d'Konventioun mat RTL fir de Service public vun der Tëlee misst ugepasst ginn, well:

"D'Tëlee ass ganz Service Public. Déi digital Plattformen, zum Beispill rtl.lu sinn dat haut nach net, mee si si vum nächste Joer un an der Konventioun integréiert. Do brauche mer nach méi Kloerheet a besser definéiert Krittären. Ech well awer och besonnesch drop hiweisen, datt mer nach méi Hygiène bei der Entwécklung a besonnesch bei der Betreiung vun de Commentairen um Internetsite vun RTL brauchen."

Déi digital Plattforme vun RTL sollen an d'Konventioun vum Medienhaus mam Staat integréiert ginn, esou de President vun der Mediekommissioun, den DP-Deputéierte Guy Arendt.

Enn Juli huet dunn d'Josée Hansen, déi eréischt en déckt halleft Joer virdrun d'Chefredaktioun vum Lëtzebuerger Land iwwerholl hat, hir Demissioun annoncéiert. De Peter Feist, och hie laangjärege Mataarbechter vum Land, huet säithier d'Chefredaktioun iwwerholl.

Entloossungswell bei Saint-Paul

Keen halleft Joer nodeems Mediahuis Saint-Paul kaaft hat, gouf am September e Sozialplang fir 80 vun den 330 Mataarbechter annoncéiert. D'Delegatioun an d'Belegschaft sinn op d'Barrikade gaangen. D'Céline Conter vum LCGB huet sech op engem Protestpiquet gefrot, ob iwwerhaapt nach e Wort soll gedréckt ginn. Et géifen eng Rei Servicer ausgelagert ginn an e Véierel vun de Journaliste wier entlooss ginn "déi ganz Aarbecht awer bleift", esou d'Céline Conter.

Um Enn si se sech net eens ginn an, et koum kee Sozialplang zustanen, 71 Mataarbechter goufen entlooss. An deene Wochen duerno hunn nach eng ganz Rëtsch Journaliste vu sech aus gekënnegt. Och aus der Chefredaktioun koum no laangem Silence endlech eng Reaktioun, de Claude Feyereisen, Rédacteur en chef adjoint, huet am Dezember gekënnegt. De Marc Schlammes, och Rédacteur en chef adjoint, huet aus der Chefredaktioun demissionéiert.

En neie gesetzleche Kader fir de radio 100,7 gouf annoncéiert

An de Premier Xavier Better huet en neie gesetzleche Kader fir de radio 100,7 annoncéiert, deen och d'Gouvernance vum Haus nei soll opstellen.

Kuerz virum Enn vum Joer huet de Regierungsrot dunn och deen neie gesetzleche Kader fir de radio 100,7 ugeholl. Den Optrag vum ëffentlech-rechtleche Radio gëtt dem Avant-Projet no méi kloer gefaasst an nei Reegele fir d'Zesummesetzung vum Verwaltungsrot opgestallt.

Digitale Relaunch vum Journal

Den 31. Dezember koum de Journal eng leschte Kéier op Pabeier eraus. Et misst een ophalen de Journal als DP-Zeitung ze gesinn, huet sech den neien Direkter Daniel Nepgen opgereegt.

"Wann all DP-Member, dat si jo awer e puer Dausend Memberen esou wäit ech weess, ech weess et net genee, mee wann all DP-Member en Abo beim Journal hätt, dann hätt de Print kënne weiderliewen."

D'Melody Hansen, déi dräi Joer als Journalistin beim Tageblatt geschafft huet, iwwerhëlt elo d'Chefredaktioun beim neien Online-Journal.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Luxemburger Wort
Medien

De Weihbeschof seet hie wier iwwerrascht, wéi séier den neien Propriétär vum Letzebuerger Wort Mataarbechter entlooss huet. De Bistum géif awer net bedaueren, datt en d'Editiounshaus Saint-Paul verkaaf huet.

Luxemburger Wort
Saint Paul

Beim Lëtzebuerger Wort rumouert et weider. De President vun der Personalvertriedung fuedert elo datt den Direkter an de Chefredakter ersat ginn.

Luxemburger Wort Exklusiv
Lëtzebuerger Wort

Mouvementéiert Zäiten an der gréisster Dageszeitung: Sechs Wochen nodeems eng 70 Mataarbechter beim Grupp Saint-Paul entlooss goufen, demissionéieren déi zwee Adjointë vun der Chefredaktioun.

Daniel Nepgen
Medien

Den Daniel Nepgen betount, seng Journaliste géifen net vun DP-Politiker gesot kréien, wat si solle schreiwen. An dat géif och an Zukunft net geschéien, wann de Journal net méi als gedréckten Zeitung eraus kënnt, mee online.

radio 100,7
Lëtzebuerger Medielandschaft

Den 100,7-Programm soll ee mat vill Aktualitéit a Kultur sinn, sou de Kommunikatiounsminister Xavier Bettel gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun. De Radio soll virun all Joer eng Dotatioun vum Staat kréien a kee kommerzielle Sender ginn.

Luxemburger Wort
Lëtzebuerger Presselandschaft

Beim Mediegroup Saint-Paul géifen 71 Leit entlooss, dat krute mer vum Paul Peckels, Generaldirekter vu Saint-Paul Lëtzebuerg confirméiert. D'Bréiwer un déi betraffe Mataarbechter géifen haut erausgoen.

LCGB Protest-Piquet Luxemburger Wort.
Sozialkonflikt

Wéinst dem ugekënnegten neie Sozialplang beim Medie-Grupp Saint-Paul hat den LCGB de Moien e Protestpiquet virum Siège zu Gaasperech organiséiert. Et géif ëm d'Iwwerliewe vum Wort goen.

Chambersplénière
Service Public

De radio 100,7 kritt en eegent Gesetz. D'Chamber huet eng entspriechend Motioun ugeholl. De Premier- a Medieminister Xavier Bettel wëllt am Hierscht eng konkret Propos op den Dësch leeën.

De Journal
Lëtzebuerger Presselandschaft

D'Dageszeitung "Lëtzebuerger Journal" stoppt Enn des Joers d'Produktioun vun hirer Versioun op Pabeier. Vun 2021 u wëll de "Journal" sech op seng digital Offer konzentréieren.

D'Medielandschaft zu Lëtzebuerg Exklusiv
Pressehëllef

Maximal 1,6 Milliounen Euro u Pressehëllef kann ee Medium an Zukunft vum Staat accordéiert kréien, wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. D'Editeure fuerderen ee méi präzisen Text.

Kik Schneider
70 Joer Lëtzebuerger Journal

De Kik Schneider mengt net, datt d'Reform vun der Pressehëllef nach virun de Chamberwahle Realitéit gëtt. De Lëtzebuerger Journal kéint momentan just wéinst der Pressehëllef iwwerliewen.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen