U sech hätt et scho schlecht ugefaangen: wéi de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa am Joer 2000 ugetruede sinn, hätte si mat der Diskretioun vun hire Virgänger gebrach a vill op Kommunikatioun gesat.
Mee villes an den éischten Interviewe wier verongléckt. Den Ex-Feierkrop-Chronist Jacques Drescher erënnert un d'Ausso vun der Grande-Duchesse, si an hire Mann wieren Universitären: "Dat ass ganz schlecht ukomm." An de Paul Dostert verweist op d'Ausso vun deemools, et géif een alles besser maachen: "Ech wëll net wëssen, wat de Grand-Duc Jean deemools geduecht huet."
Vill Ännerungen
Ob besser oder net: villes ass anescht gemaach ginn. Net all d'Ännerunge wieren an d'Richtung vu méi Modernitéit gaangen, seet de Verfassungsjurist Luc Heuschling: Hien erënnert un de Wonsch vum Grand-Duc fir nees Rieden am Parlament ze halen, wat hien och zweemol bei der Ouverture vun enger Chambersessioun gemaach huet. An och säi Refus, d'Euthanasie-Gesetz ze ënnerschreiwen, wär eng Zort "Retour en arrière" gewiescht.
De Luc Heuschling ass iwweregens der Meenung, datt de Grand-Duc d'Gesetz net blockéieren, mee einfach nëmme perséinlech näischt domat ze dinn wollt hunn. Definitiv kläre konnt hien dat awer net: de Wonsch, déi Fro an engem perséinleche Gespréich mam Groussherzog klären ze kënnen, ass him nämlech net erfëllt ginn.
Fir d'Marie-Adelheid-Biographin Josiane Weber an den Historiker Paul Dostert ass awer kloer, datt weder d'Grande-Duchesse Charlotte nach de Grand-Duc Jean d'selwecht gehandelt hätten: "Si haten d'Lektioun vun der Marie Adelheid geléiert, sech net an d'Politik anzemëschen", seet de Paul Dostert.
D'Geschichtsschreiwung kontrolléieren
Datt d'Grande-Duchesse Marie Adelheid eng politesch Roll gespillt huet, ass déi zentral Thees an der Biographie, déi d'Josiane Weber am Hierscht 2019 publizéiert huet. Si zeechent domat en anert Bild vun där jonker Monarchin wéi dat, dat den Haff - an Historiker, déi dem Haff no stinn - bis elo ëmmer vermëttele wollten.
D'Josiane Weber kann absolut net verstoen, firwat si wärend hire Recherchen keen Zougang zu den Archive vun der groussherzoglecher Famill krut. Si hätt och ni eng richteg Explikatioun dofir kritt. "Ganz sécher" wier et en Ausdrock vun enger gewësser Souveränitéit wann ee sech, 100 Joer duerno, där manner glorräicher Vergaangenheet géif stellen, fënnt de Paul Dostert. Mee fir de Jacques Drescher ass kloer, datt den Haff "einfach wëllt d'Kontroll behalen iwwer d'Geschichtsschreiwung", wat awer net méiglech wier.
Wéi eng Konsequenze fir de Waringo-Rapport?
A wéi wäit hänkt déi ablécklech Kris vun der Monarchie mat der Persoun - an der Perséinlechkeet - vun der Grande-Duchesse zesummen? Op déi (delikat) Fro ginn et just indirekt Äntwerten: *Et gesäit esou aus", wéi wann d'Maria Teresa net onschëlleg wier un de ville Problemer mat an Departe vu Mataarbechter, seet beispillsweis de Paul Dostert, "mee ech war net dobäi".
Elo misst ee mol kucken, wat am Rapport steet, deen de fréieren Direkter vun der Finanzinspektioun Jeannot Waringo dem Premier e Freideg iwwerreecht huet. "Ech hunn net genuch Fantasie mir virzestellen, datt do eppes dran ass, wat de Grand-Duc oder d'Grande-Duchesse géif blouss stellen", seet de Jacques Drescher.
Gëtt d'Ëffentlechkeet iwwerhaapt gewuer, wat dra steet? De Paul Dostert huet grouss Zweiwelen: "Ech mengen net. Ëmgedréit: wann de Rapport ëffentlech gëtt, da froen ech mech, ob alles dra steet, wat den Auteur fonnt huet, wat vläicht misst am Rapport stoen."
De Luc Heuschling, Expert a Verfassungsfroen, hält et fir absolut noutwendeg, datt op der Basis vum Rapport kloer a modern Reegelen opgestallt ginn, déi d'Roll vum Conjoint vun engem Grand-Duc (oder Grande-Duchesse) klären. Dat sollt lassgeléist vun der Persoun vun der Groussherzogin Maria Teresa geschéien. Ob dat awer méiglech ass, bezweiwelt de Jacques Drescher.