Aarbecht Duerch d'Pandemie: 40 Prozent méi Absencen 2020

D'lescht Joer hunn däitlech méi Leit op der Aarbecht gefeelt, wéi d'Joer virdrun. 2020 goufen et 40 Prozent méi Absencen op der Aarbecht. D'Hausse wier op d'Pandemie zeréckzeféieren, seet de Romain Schneider an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Rick Mertens / cbi

En eidele Büro
Symbolbild. Foto: Bigstock / 06photo

Lauschteren


Duerch d'Pandemie si méi Leit krankheetsbedéngt ausgefall. Mee net nëmmen dat: well d'Schoulen deelweis zou waren, hunn och eng grouss Zuel vu Leit Congé pour raisons familiales ugefrot. Dës Absencë maache bei wäitem dee gréissten Deel vun den zousätzlech Absencen aus: zwee Drëttel vun den Hausse par Rapport zu 2019 sinn op de Familljecongé zeréckzeféieren.

All d'Wirtschaftssecteure waren dovu betraff, well an all de Secteure war den Absenteismus d'lescht Joer méi héich, wéi ee Joer virdrun. Ass der Äntwert vum Minister Romain Schneider geet awer och ervir, datt et staark Variatioune jee no Secteur gouf. Am Immobiliësecteur huet den Taux vun den Absencen am stäerksten zougeholl: hei goufen et méi wéi 70 Prozent méi Absencen, wéi dat 2019 nach de Fall war.

Och an aner Service-Betriber an an der Administratioun hunn d'Absencen ëm méi wéi 50 Prozent zougeholl. Manner staark war d'Hausse zum Beispill an der Agrikultur oder am Horeca-Beräich - wou et jeeweils eng Zounam vun ëm déi 30 Prozent gouf. A bei wäitem déi geréngsten Hausse vun Absencë gouf et am Finanzsecteur, mat engem plus vu 15 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.

Méi zum Thema

Wirtschaft
Wirtschaft

D'Wirtschaft ass staark dovu betraff, datt de Moment Dausende Leit a Quarantän oder am Isolement sinn, esou den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger. Och den Tun Di Bari vun Dussman Luxembourg seet den Impakt wier spierbar.

Illustratioun aAarbecht
Prisma

Ass d'Aarbecht wierklech dat, wat eis vum Déier ënnerscheet? Wat fir eng Funktioun huet se an eiser Gesellschaft? Wou kënnt iwwerhaapt eis Wäertschätzung vun der Aarbecht hier a firwat brauche mer se fir eis ze verwierklechen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen