Däitschland Duell vun de Parteicheffen

Bis Enn der Woch wëllen sech de Markus Söder an den Armin Laschet eens ginn, wie vun hinnen zwee Kanzlerkandidat vun der Unioun gëtt. Hir respektiv Parteien, d'CDU an d'CSU, stinn bis elo hannert hire Cheffen. An der mächteger Bundestagsfraktioun kritt de Markus Söder awer lues a lues Iwwerwaasser.

Matthias Kirsch (München) / cbi

De Markus Söder an de Armin Laschet
Wie gëtt de Kanzlerkandidat vun der Unioune: de Markus Söder (lénks) oder den Armin Laschet (riets)? Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Et ass net dacks, datt d'Fraktiounssëtzung vun enger Partei nach laang am Gediechtnes bleift. Datt sech d'Bundestagsdeputéiert vun de Parteien treffen, ass Dagesgeschäft an éischter onspektakulär.

D'Sëtzung vun der Uniounsfraktioun gëschter, also vun den Deputéierten vun CDU an CSU, war de Contraire. Fir d'éischte Kéier sinn déi zwee méiglech Kanzlerkandidaten vun der Unioun direkt openeen getraff an hunn ëm d'Ënnerstëtzung vun hire Parteikolleege gekämpft.

Béid Kandidate ware virun der Bundestagsfraktioun

An dat Duell hat e klore Vainqueur. Den CSU-Chef Markus Söder krut däitlech méi Zousproch. Vun deenen Deputéierten, déi sech zu Wuert gemellt hunn, nodeems béid Kandidaten hir Rieden gehal haten, hu sech ronn zwee Drëttel fir de bayresche Ministerpresident ausgeschwat. Just d'Deputéiert aus Nordrhein-Westfalen, wou den Armin Laschet Ministerpresident ass, stoungen net hanner dem Söder.

An trotzdeem huet de Markus Söder e Problem: d'Bundestagsfraktioun huet an der Fro no der Kanzlerkandidatur näischt ze mellen. Datt et net zu eng Kampfofstëmmung op deem Niveau soll kommen, doriwwer ware sech d'Kontrahenten scho leschte Weekend eens ginn.

Mee: D'Fraktioun ass a gudden Thermometer fir dat, wat un der Parteibasis viru sech geet. Un den Äusserunge vun den Deputéierten huet ee gemierkt, wéi kloer d'Stëmmung un der Basis Pro-Söder ass.

Mat engem Kandidat Laschet géif d'Unioun mat Volldampf an d'Oppositioun goen, sot een Deputéierten. Anerer hunn erzielt, datt Leit aus hirem Walkrees scho gesot hätten, se géifen d'Partei verloossen, wann de Söder net Kandidat wier. An en Deputéierten aus Rheinland-Pfalz sot, datt et net géif duergoen, datt den Armin Laschet de Parteicomité vun der CDU hanner sech hätt.

Et gesäit gutt aus fir de Markus Söder

Et schwätzt am Moment vill vir de Markus Söder. An dem Ëmfroen ass en zum Deel méi beléift wéi d'Kanzlerin Angela Merkel. D'Wieler trauen him d'Kanzlerschaft zou. A fir vill Uniouns-Supporteren steet hie fir en tatsächlechen Opbroch, eng aner Politik wéi déi, déi d'Angela Merkel an de leschte 16 Joer un der Regierung gepräägt huet.

Bis Enn der Woch wëllen sech Söder a Laschet eens ginn. Mee et ass schwéier sech virzestellen, datt tatsächlech een zeréckzitt. Den Armin Laschet gesäit sech offensichtlech als legitimme Kandidat; d'Fakten schwätze fir de Markus Söder.

Et kéint zu enger Kampfofstëmmung kommen

Fir allebéid wier de Präis héich, wa se elo géifen e Réckzéier maachen - besonnesch awer fir den Armin Laschet. Seng Autoritéit als CDU-Chef wier ugeknackst, genau wéi säi Standing als Ministerpresident an Nordrhein-Westfalen.

Et ass also gutt méiglech, datt déi zwee an enger Woch nach eng Kéier virun der Bundestagsfraktioun stinn - an et awer zu enger Kampfofstëmmung kennt. Dat gouf et iwwregens schonn eng Kéier - 1979 tëscht dem CDU-Mann Ernst Albrecht an dem deemolege CSU-Chef Franz Josef Strauß. Och deemools wollt keen noginn. An der Ofstëmmung huet sech de Franz-Josef Strauß duerchgesat - a finalement d'Bundestagswal géint den Helmut Schmidt verluer.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch
Chronik

No de Landtagswalen a Rheinland-Pfalz a Baden-Württemberg stiliséiere sech déi däitsch Gréng als Gewënner. Si geroden an der Fro no hirem Kanzlerkandidat ënner Drock. Dobäi dierft d'Fro u sech séier beäntwert sinn.

Armin Laschet
Däitschland

Zwou Landtagswale stinn an Däitschland um kommende Weekend un. No de rezente Skandaler an der CDU stinn déi Konservativ besonnesch am Fokus. Fir den neie Parteichef Armin Laschet kéinten déi Wale richtungsweisend ginn.

Matthias Kirsch Kommentar
Chronik

De Markus Söder wëllt a Bayern all Mënsch op de Coronavirus teste loossen - fir näischt. Hien trëfft domat op Widderstand. Verzockt de Markus Söder sech mat senge Corona-Massentester?

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen