Srel-Prozess "Du hues dat autoriséiert"
Um drëtten Dag vum Srel-Prozess gëtt de Moien d'Auerenopnam Juncker/Mille vum 31. Januar 2007 gelauschtert. De relevanten Deel vum Gespréich stellt de radio 100,7 hei zur Verfügung.
De fréiere Srel-Direkter Marco Mille hat e Gespréich mam Jean-Claude Juncker am Januar 2007, ouni dem Premier säi Wëssen, mat enger Auer opgeholl. An dësem Gespréich ass et ëm d'Behaaptung vum Geschäftsmann vum Loris Mariotto gaangen, datt e Gespréich tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri iwwer d'Bommeleeër-Affär opgeholl gi wier an op enger CD enregistréiert ginn ass.
An dësem Geheimdéngschtprozess geet et ëm d'Fro, ob de Srel d'Autorisatioun vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker hat, fir de Loris Mariotto ofzelauschteren. Déi dräi ugeklote fréier Srel-Mataarbechter hu gëschter argumentéiert, d'Ecoutte wiere legal gewiescht, well se vum Jean-Claude Juncker an enger Procédure d'urgence mëndlech autoriséiert goufen. Den Zeie Jean-Claude Juncker huet ausgesot, hie kéint sech net erënneren, esou Ecoutten autoriséiert ze hunn.