Stad Lëtzebuerg Stad Lëtzebuerg wëllt 2021 d'Investitiounen héich halen

D'Stad Lëtzebuerg gesäit an hirem Budget fir d'nächst Joer een Defizit vu 156 Milliounen Euro vir. D'Depensë vun der Stad Lëtzebuerg leie mat 1,44 Milliarden Euro fir d'éischte Kéier iwwer enger Milliard. D'Recettë fale wéinst der Covid-Pandemie op 888,6 Milliounen Euro. Et géif op d'mannst bis 2023 daueren, bis een erëm um Niveau wier vu virun der Kris, esou de Finanzcheffe vun der CSV, de Laurent Mosar.

Michèle Sinner / tt

Stad Lëtzebuerg hält Investititounen héich
Foto: picture alliance/dpa/Oliver Dietze

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren


D'DP-CSV-Koalitioun um Knuedler wëllt d'Investitiounen héich halen. Et kéint een net soen, datt d'Stad Lëtzebuerg mat engem Budget vu 414 Milliounen seng héich Ambitioune géif zeréckschrauwen, esou de Laurent Mosar. D'Recettë gi wéinst der Covid-19-Kris, wéi an anere Gemengen och, zeréck.

Fir 2021 muss d'Stad mat 21 Prozent manner Einnamen aus der kommunaler Gewerbesteier rechnen. D'Dotatioun aus dem Fong fir d'Gemenge géing wärenddeem 11,5 Prozent zeréck.

Déi Zuelen aus dem Inneministère géifen awer op engem optimisteschen Zenario berouen, wat d'Entwécklung vun der Pandemie an domat der Wirtschaft an de Steierrecetten ugeet, huet de Laurent Mosar gewarnt: "Mir mussen einfach dovun ausgoen, datt och déi Zuelen, déi mir vum Inneministère kritt hunn, sech net wäerten op deem Niveau realiséieren."

An deem optimisteschen Zenario géif een dovun ausgoe fréistens 2023 erëm op den Niveau vu virun der Corona-Kris ze kommen. De Finanzcheffe vun der Stad betount awer, datt déi allermeeschten Analysten deen Zenario fir éischter onwarscheinlech halen. Och déi nächst Majoritéit um Knuedler misst sech mat de finanzielle Suitte vun der Pandemie auserneesetzen.

Méi zum Thema

Yves Cruchten
Steierpolitik

Et gi vill Steieravantagë fir Immobilieninvestisseuren. Eleng wéinst dem "Taux d'amortissement accéléré" verzicht de Staat op ronn 50 Milliounen Euro d'Joer. Den Yves Cruchten (LSAP) gesäit dat kritesch.

LuxTram
Mobilitéit

2023 soll den Tram iwwer d'N3 bis op d'Cloche d'Or fueren. Dofir gëtt déi Strooss den Ament méi breet gemaach. Eng Erausfuerderung, well et do nach Geschäfter an industriell Aktivitéite gëtt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen