Drogen Drogemarché an Europa: Produktioun geet an d'Luucht

Europa gëtt ëmmer méi zu enger Regioun, déi selwer Drogen produzéiert. Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi Europol an déi europäesch Drogenagence d'lescht Woch verëffentlecht hunn. Besonnesch bei Kokain wier d'Entwécklung dramatesch.

Jacques Ganser / Carole Schimmre / cbi

Symbolbild Drogen
Symbolbild. Foto: Bigstock / Aleksandr Shyripa

Net nëmmen d'Produktioun an Europa selwer wier op Rekordniveau, mee Europa wier och zu enger reegelrechter Dréischeif fir den Export an aner Länner ginn. Dat gëllt virun allem fir Kokain, dat an der ganzer EU disponibel ass.

Kokain: An Europa weiderverschafft

Déi héich Produktiounsquantitéiten a Südamerika hunn zu Rekord-Saisien an Europa gefouert. 2020 dierft de Maartwäert vum Kokain, deen an Europa verkaf gouf, sech op ronn 10,5 Milliarden Euro belafen.

Ronn 3,5 Milliounen Europäer sollen 2020 och Kokain konsuméiert hunn. Wärend d'Basisproduiten haaptsächlech aus Kolumbien, Bolivien an dem Peru stamen, leeft d'Weiderveraarbechtung virun allem a Laboen an der Belsch, an Holland an a Spuenien.

Methamphetamin: De Marché wiisst

Methamphetamin bleift dogéint ee klenge Marché an Europa, deen awer permanent wiisst. Déi syntheetesch Drog gëtt an Europa selwer produzéiert, tëscht 2010 an 2020 huet de Volume vun de Saisie sech verduebelt.

Och hei gëtt a sougenannte "Kiche" produzéiert, d'Produktioun leeft nieft der tschechescher Republik neierdéngs och verstäerkt an Holland an an der Belsch.

Organiséiert Kriminalitéit a Gewaltdote ginn an d'Luucht

Parallel mam Wuesse vum Drogemarché entwéckele sech déi kriminell Strukturen: Europol notéiert en Ausbau vu den internationale Banden.

Als Resultat klëmmt och an Europa d'Zuel vun de kriminelle Gewaltdoten am Kontext vum Drogenhandel.

Méi zum Thema

SchneiderS_5584.jpg
Dr Serge Schneider

Um internationalen Dag géint den Drogemëssbrauch beliicht den LNS, de Staatslaboratoire seng Missioun bei der Analys vun den Drogen déi et um Maart ginn.

Schwangerschaft
Drogen a Mënschen

Legal an illegal Droge wierken op d'Mamm an de Fötus. An awer ginn et Fraen, déi consomméieren. Ongeféier 15 bis 20 Frae fannen de Wee an de Service parentalité, fir eppes un hirem Konsum ze änneren.

Centre Thérapeutique Syrdall Schlass Manternach (CTM)
Drogen a Mënschen

Zu Lëtzebuerg ginn et eng 2.200 Persoune mat engem problemateschen Drogekonsum. Wou kann ee sech berode loossen, wann ee vun den Droge wëllt lasskommen? Wou kann een eng Therapie maachen?

Drogen
Drogen a Mënschen

Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen