Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Inhaler - Billy (Yeah Yeah Yeah)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drénkwaasserdirektiv: "D'Hausaufgabe goufe scho gemaach"

EUROPA AKTUELL

Drénkwaasserdirektiv: "D'Hausaufgabe goufe scho gemaach"

Zanter méi wei zwee Méint gëllt déi nei Drénkwaasserdirektiv, déi d'EU-Parlament de 14. Dezember adoptéiert huet. Déi nei Versioun vun der Waasserbestëmmung vun 1998 bréngt eng ganz Rei Ännerungen. Esou soll mat erweiderte Parameteren d'Waasser kontrolléiert ginn an d'Fournisseure solle méi transparent schaffen. Se garantéiert och e sécheren Zougang zum Drénkwaasser.

auto_stories

3 min

An der Direktive géif näischt stoen, dat nervös mécht, heescht et bei der Stater Waasserversuergung. Zemools déi nei chemesch Parameteren, no deenen d'Drénkwaasser kontrolléiert soll ginn, ginn hei scho méi laang iwwerwaacht. Zum Beispill Chlorit a Chlorat, allebéid Nieweprodukter vun der Chloréierung, seet de Max Bill vun der Waasserversuergung. A béide Fäll géifen déi nei Grenzwäerter och agehale ginn.

D'Leitungen hei am Land sinn an der Moyenne just 25 Joer al - am Verglach zu anere Länner wier dat relativ jonk. Déi nei Infrastruktur verhënnert gréisser Fuitten a wier méi hygienesch wéi eeler Réier. Déi Qualitéitsstandarden, déi d'Direktiv verlaangt, wieren also keng Neiegkeet, seet den Direkter vun der Waasserversuergung. Mee net just d 'Fournisseure si gefrot: och d'Proprietäre missten eelert Material an den Haiser ersetzen, fir datt d'Waasser propper aus dem Krunn kënnt.

Och beim Waassersyndikat SES sinn déi nei Parameteren eegenen Aussoen no schonn an d'Kontrollen agefloss. Vill Aspekter vun der Direktiv, wéi de risikobaséierten Usaz an d'Transparenz iwwer de Liwwerwee vum Waasser, wiere schonn an Applikatioun beim Drénkwaassersyndikat.

Och de Bisphenol A, besser bekannt ënner der Ofkierzung BPA, gëtt scho kontrolléiert. De Mikroplastik wierkt op den hormonelle System vum Mënsch a gëllt als kriibserreegend. Vun der Waasserverwaltung heescht et, datt ee sech an Zukunft nach méi op de Mikroplastik konzentréiere wëllt.

Ënnerschiddlech Normen an der EU

Fir all d'Länner gläich nei wäert een europäesche Kennzeechnungssystem si fir all déi Produiten, déi a Kontakt mam Drénkwaasser kommen. Dat hätt Virdeeler fir d'Produzenten, erkläert den Tom Levy, Direkter vum SES. Aktuell géifen et an all de Länner ënnerschiddlech Norme ginn - dat wier net virdeelhaft fir d'Produzenten, well se hiert Material an all Land eenzel teste loosse mussen.

D'Waasserverwaltung confirméiert, datt d'Drénkwaassersyndikater hei am Land gutt preparéiert wieren. Schwéier géif et just fir déi 23 Gemenge ginn, déi net bei engem gréissere Fournisseur ugeschloss sinn an d'Käschte selwer droe mussen. De Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, mengt datt all d'Ufuerderungen am Text fir déi Gemenge schwiereg kéinte ginn. Hie geet dovunner aus, datt et zu enger verstäerkter Kollaboratioun tëschent de Gemenge géif kommen.

Fir verschidden EU-Länner ass d'Direktiv eng grouss Hürd

D'Direktiv orientéiert sech un engem däitsche Standard - fir Länner mat enger dezentraliséierter an eelerer Infrastruktur kéint d'Direktiv dowéinst eng schwéier Hürd sinn. Grad bei de Fuitte ginn et Länner, déi net sou gutt ofschneiden. Den Europadeputéierte Christophe Hansen vun der CSV nennt do zum Beispill Irland: hei géif 70 Prozent vum propperen Drénkwaasser an de Leitunge verluer goen duerch al Infrastrukturen.

"Dofir huet d'Parlament och do ugesat fir deen Taux de Fuite op d'mannst mëttelfristeg reduzéiert ze kréien, well Waasser gëtt an Zukunft ëmmer méi knapp a muss och ëmmer méi geschützt ginn."

Et wieren awer och Länner deels géint d'Direktiv gewiescht, sou den Europadeputéierten, wéi zum Beispill Éisträich. "Déi hu ganz vill Tourismusgebidder an de Bierger, wou jiddweree seng eege kleng Quell huet, an déi fäerten elo, datt si méi Opwand kréie fir dat Waasser kontrolléiert kréien." Éisträich wier dofir och "zimmlech op der Brems" gewiescht.

Den Christophe Hansen betount och wéi wichteg et wier, datt d'Direktiv ee sécheren Zougang zu Waasser garantéiert. Deen Zougang géife sechs bis aacht Milliounen Mënschen eleng an der EU bis elo feelen. Nach méi Waasserspender op ëffentleche Plazen zu Lëtzebuerg sollen deem hei am Land entgéint wierken.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.