Klangbiller Dréiuergel

Zu Rued-Sir kléngen an der Lescht tëscht fënnef a sechs Auer owes lëfteg a verspillten Téin duerch d'Duerf. Vill Walzen a populär Lidder héiert een aus enger Dréiuergel. Mir hunn d'Kläng lokaliséiert. Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun dësem erfreelechen Instrument an der Koppel hannert dëser solidarescher Aktioun. Elo geet et op Ruet, wou d'Dréiuergel fir d'éischt emol erausgerullt gëtt.

Jamie 1.jpg

An der Mediathéik:

Klangbiller / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Geess
Klangbiller

Um Luerenzweiler Bierg fënnt een d'Mémé, d'Rosie an d'Mausi ënner anerem. Seele Geessen a Schof, déi vun der Josiane Ginter betreit ginn. Den Jamie Reinert ass e rouegen Dënschdeg Mëtteg mam Mikro laanscht spadséiert.

Gast Klares
Klangbiller

Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun engem Mënsch mat engem zimmlech breede musikaleschen Horizont. Dës Kéier geet et op Betzder an de kuriéise Klang-Atelier vum Gast Klares.

Net verpassen

  • 29.11. Schengener Gespréicher: D'Groussregioun am Klengen

    Schengener Gespréicher

    D'Entwécklungskonzept Oberes Moseltal ass e gemeinsame Projet vu Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg. D'Landesplanung steet am Vierdergrond. Iwwer dësen ambitiéise Projet diskutéieren déi zoustänneg Ministeren an de Regionalmanager.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen