Ee Beispill ass déi multinational Firma BorgWarner, fréier Delphi. Zënter leschtem Joer ass d'Recht op Ofschalten do am Kollektivvertrag verankert, erkläert den Eric Wolf, President vun der Personaldelegatioun.
Net permanent disponibel sinn
Verschidde Mataarbechter géife mat dräi verschiddene Kontinenter a Kontakt stoen, dat géife laang Aarbechtszäiten: moies fréi mat den Asiaten um Telefon, per e-Mail a Kontakt oder an enger Konferenz; owes spéit mat der amerikanescher Säit. Do kéim d'Ofschalten och ausserhalb vun der Aarbechtszäit dacks ze kuerz.
D'Recht op Ofschalten am Kollektivvertrag soll verhënneren, datt de Chef engem Mataarbechter eng schlecht Nott an hirer Evaluatioun ausschreift, well en zum Beispill net permanent disponibel war, esou den Eric Wolf.
Enquêten vun der CSL iwwert d'Wuelbefanne vun der Salariéë géife weisen, datt d'Leit effektiv mat deem Problem ze kämpfen hunn, erkläert d'Martine Mirkes, Juristin bei der Chambre des Salariés. D'Phenomeen géif mat der Zäit ëmmer méi schlëmm ginn, dofir misst een elo domat ufänken, eng Barrière anzesetzen an eng Grenz ze definéieren, iwwer déi et net méi goen dierf.
Recht op Ofschalte schrëftlech festhalen
D'Chambre des Salarié fuerdert, datt d'Recht op Ofschalten an d'Aarbechtsrecht stoe kennt. Allerdéngs sollten d'Entreprisë selwer iwwer d'Detailer vun der Organisatioun decidéieren, erkläert d'Martine Mirkes.
Mir denken datt de Kollektivvertrag e gudden Outil ass fir dat dran ze fixéieren. Dat muss dann tëschent der Delegatioun an dem Patron diskutéiert ginn. An engem Betrib, dee kee Kollektivvertrag huet, do misst dat mat der Personaldelegatioun verhandelt ginn. An engem nach méi klengem Betrib, an deem et keng Personaldelegatioun gëtt, muss dat een Accord ginn tëschent dem Patron a senge Salariéen.
An der Firma BorgWarner hätte bis ewell eréischt Eenzeler op d'Garantie am Kollektivvertrag zeréckgegraff. D'Leit missten als éischt mol selwer mat hirem Droit à la déconnexion averstane sinn, esou den Eric Wolf. Hien hofft datt hire Model e Beispill fir aner Firme kéint ginn.
D'CSL hofft, datt an den nächste Méint een Text iwwert d'Recht op Ofschalte kann ausgeschafft ginn. Den Aarbechtsminister Dan Kersch wollt op Nofro hin keng Zäitschinn nennen, ma fir säi Ministère wier dëst Thema eng Prioritéit.