De Carlo Wagner war vun 1999 bis 2004 Minister fir Gesondheet an d'Sécurité Sociale. Hien hätt méi Gerechtegkeet an den deemolege Rentesystem bruecht, esou d'DP.
De Carlo Wagner war och Deputéierten a Buergermeeschter vu senger Heemechtsgemeng Wormer op der Musel.
Schonn a méi jonke Jore war hie President vun de Jonke Liberalen, an éier hien 1994 fir d'éischt an d'Chamber gewielt gouf war hien och DP-Generalsekretär.
"Mir verléieren e verdéngte Politiker an e patente Frënd, mat deem mir vill agreabel Momenter verbruecht hunn", schreift d'DP an engem Communiqué.
D'Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer (DP), ë. a. tëschent 1999 an 2004 mam Carlo Wagner an der Regierung, seet et wier gutt a flott gewiescht mam Carlo Wagner ze schaffen. Hien hätt e léiwe Charakter gehat.