Konflikt tëschent USA an Iran Donald Trump dreet mat Zerstéierung a Sanktiounen

De verbale Krich tëschent dem Donald Trump an dem Regime zu Teheran geet weider. Nom amerikaneschen Ugrëff op de Chef vun der iranescher Al-Quds-Brigade Qassem Soleimani dreet den US-President mat Ugrëff op kulturell Sitten am Iran. Och den Irak kéint vun den USA bestrooft ginn an dëser neier Eskalatioun.

Philip Crowther (Washington D.C.) / cbi

Den Donald Trump Enn Dezember 2019 bei Zaldoten zu Maryland
Den Donald Trump dreet mat Zerstéierung a Sanktiounen. Foto: Ron Sachs / CNP

Et war e rouegen Dag am Wäissen Haus gëschter, den Donald Trump huet sech net der Ëffentlechkeet gewisen. Mee dat huet hien net dovun ofbruecht mat senge Supporter, mat senge Géigner, mam Iran, a mat der ganzer Welt op de soziale Reseauen ze kommunizéieren.

Esou gouf et a Groussbuschtawen de Message op Twitter, datt den Iran ni eng Atomwaff wäert kréien. Den Iran huet bekanntlech nom amerikaneschen Ugrëff op de Qassem Suleimani seng Kontributioun zum Nuklearofkommes zeréckgeschrauft.

Aggressiv Wieder géint den Irak

Méi brisant waren dem amerikanesche President seng Aussoen am Fliger fir zeréck vu senger Vakanz a Florida op Washington. U Bord vum Air Force One huet hien zum Beispill dem Irak mat Sanktioune gedreet, wa Bagdad sollt all amerikanesch Truppen aus dem Land erausschécken.

Dat war d'Decisioun vum irakesche Parlament, e Vott, deen awer nach misst vun der Regierung bestätegt ginn. An deem Fall misst den Irak d'USA fir hir massiv Militärbasis do kompenséieren, sot de President.

Kampf géint den IS gestoppt

Dat sinn esouguer vum Donald Trump iwwerraschend aggressiv Wierder, vu datt den Irak esou en noen Alliéierte vun USA, besonnesch elo am Kampf géint d'Terror-Miliz Islamesche Staat, ass. All Aktioune géint den IS goufen iwwregens vun den USA gestoppt, esou wéi all Training vun irakeschen Truppe vu Säite vun den USA a vun der NATO, aus Sécherheetsgrënn. Den US-President dreet dem Irak also mat Sanktiounen, méi haarder wéi déi, déi den Iran déi lescht puer Joer sollt an d'Knéi zwéngen.

Dem Iran gëtt och gedreet, mat der Zerstéierung vu kulturelle Sitten. Et soll eng Lëscht vun Ziler ginn, sot den Donald Trump op Twitter a spéider och de Journalisten, déi am Air Force One matgeflu waren.

En Ugrëff op e kulturelle Site wier e Krichsverbriechen, seet dat internationaalt Gesetz. Bün fräi fir eng Regierung, déi sech nees en Public widdersprécht. Esou seet den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo op der Chaîne ABC News, datt de President ni esou eppes gesot hat.

"Eis Ziler sinn d'Leit am Iran, déi dës Gefor representéieren, d'Leit déi do d'Entscheedungen treffen. Mir huelen esou Menacë ganz eescht, a mir wäerten zu all Moment dat amerikanescht Vollek verdeedegen."

Et waren den Ausseminister an de Vize-President Mike Pence, déi der Zeitung Washington Post no de President ënner Drock gesat hate fir de Qassem Suleimani erëmbréngen. Et war déi extreemst vun den Optiounen, déi de Pentagon dem Donald Trump presentéiert hat, an déi, déi hien dunn iwwerraschenderweis gewielt hat. Esou schreift et d'New York Times.

Eskalatioun als Zeeche vu Stäerkt

Den Toun vum Donald Trump a senger ganzer Ekipp schéngt ze eskaléieren. Hei seng Beroderin d'Kellyanne Conway:

"Den Ausseminister Pompeo sot, datt mir näischt Illegales maache wäerten. An ech mengen, datt den Irak vill strategesch Militärziler huet, déi een och als kulturell Sitte ka beschreiwen. De President schwätzt vun 52 Sitten. Dat ass wichteg, well dat ass d'Zuel vun de Geiselen, déi si viru 40 Jore geholl hunn, zur Zäit vun engem schwaache President, den Jimmy Carter. Ech wënschen him elo dat Bescht, mee hie war en immens schwaache President. Si hunn eis Geisele geholl, a si hu si nees fräigelooss, esoubal de President Reagan un d'Muecht komm ass, natierlech."

Do ass e groussen Hiweis dran, firwat den Donald Trump esou agéiert huet. Sai Virgänger gëtt vu senger Ekipp als schwaach ugesinn. Den Trump wëllt Häert weisen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

François Bausch
Politesch Reaktiounen op US-Attack

De Lëtzebuerger Verteidegungsminister zweiwelt drun, datt d'US-Arméi dat internationaalt Recht respektéiert huet, wéi se den iranesche Generol Qasem Soleimani ëmbruecht huet.

Philip Crowther
Tensiounen tëschent USA an Iran

Nom déidlechen Ugrëff op den iranesche Militärchef Qassem Suleimani ass d'Regioun vun Ongewëssheet gepräägt. Gëtt et eng Strategie bei der US-Aussepolitik oder kënnt et op dem President seng Laun un?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen