Chamberwahlen 2018 "Do gëtt et keng Ausernanersetzung"

Deen alen an neien DP-Fraktiounschef Eugène Berger huet der Duerstellung widdersprach, déi een d'lescht Woch am Tageblatt konnt liesen a Saachen Designatioun vum President vun der liberaler Fraktioun. Do stoung, d'DP-Presidentin Corinne Cahen hätt de Max Hahn wëllen imposéieren, d'Fraktioun hätt dat awer net wëlle mat sech maache loossen a sech dofir dogéint gewiert.

Carole Schimmer / cbi

Eugène Berger
Den Eugène Berger wäert bis 2020 Fraktiounschef vun der DP bleiwen. Duerno wäert de Gilles Baum dee Posten iwwerhuelen.

Un där Versioun wier awer näischt drun, seet den Eugène Berger. Et wier esou, datt de Max Hahn net disponibel war fir dee Posten. An der Fraktioun wier eestëmmeg decidéiert ginn, dat den Eugène Berger bis Enn 2020 d'Fraktioun géif leeden. Den 1. Januar 2021 géif de Gilles Baum dee Posten iwwerhuelen.

Reform vun der Kilometerpauschal

Den Eugène Berger huet iwwerdeems d'Reform vun der Kilometerpauschal verdeedegt:

"Wa Leit vill Méiglechkeeten hu fir den ëffentlechen Transport, da muss ee kënne soen, datt si d'Méiglechkeet kënnen notze vum gratis ëffentlechen Transport. Leit, déi relativ wäit an enger ländlecher Géigend liewen an déi zum Beispill op Schichte schaffen, déi brauchen hiren Auto. Do ass et kloer, datt een do net vill un där Kilometerpauschal wäert fréckelen. Dat wier juristesch méiglech, well et sech ëm verschidde Situatiounen handelt."

Individuell Besteierung

Detailer huet den Eugène Berger iwwerdeems ginn, wéi eventuell déi individualiséiert Besteierung kéint ëmgesat ginn. Prinzipiell soll keen dobäi verléieren. Eng Méiglechkeet wier, datt een iwwer Steierkreditter Verloschter kompenséiert. D'Celibatairë kéinte manner héich besteiert ginn. Un deem Dossier géif geschafft ginn, esou den Eugène Berger.

"Effektiv, wann een nëmmen eng Steierklass huet, datt ee muss kucken, mat wéi enge Moyenen deen aneren eventuell eppes zousätzlech ka kréien. Dat kann awer och heeschen, datt déi, déi haut eppes méi besteiert ginn, muer manner besteiert ginn. "

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Josée Lorsché
Regierungsprogramm

Si perséinlech wier "net begeeschtert" gewiescht, wéi an de Koalitiounsverhandlungen decidéiert gouf, den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, seet déi nei gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché.

Koalitiounsverhandlungen
Regierungserklärung

Vill Neies huet de Premier an der Deklaratioun iwwer de Regierungsprogramm net verroden. D'Fro vun der Finanzéierung vun de Mesuren aus dem Koalitiounsaccord gouf och gëschter net beäntwert.

Regierungserklärung Bettel Chamber
Regierungserklärung

63 Minutten huet d'Regierungsdeklaratioun vum Xavier Bettel gedauert. De Premierminister gëtt zou: de Regierungsprogramm huet "e finanziellen Impakt". Déi aktuell Situatioun géif dat awer erméiglechen.

Mylène Bianchy
Gratis ëffentlechen Transport

D'Eisebunnergewerkschaft kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport. D'Iddi wier net mat engem qualitativ héichwäertegen ëffentlechen Transport an Aklang ze bréngen, seet d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen