Um Optakt haut um Donneschdeg ginn an der tschechescher Haaptstad d'Staats- a Regierungscheff:innen aus méi ewéi 40 Länner erwaart fir eng éischt Reunioun vun der sougenannter "Europäescher politescher Gemeinschaft".
Och net-EU-Länner si vertrueden
Dat neit Format geet zeréck op eng Iddi vum franséische President Emmanuel Macron a soll dozou bäidroen, iwwer d'EU eraus d'Zesummenaarbecht tëschent de Länner ze verbesseren.
Lass geet et en Donneschdeg de Mëtteg op der Prager Buerg mat enger Reunioun vu Staats- a Regierungscheff:innen aus méi ewéi 40 europäesche Länner.
Zu den Net-EU-Invitéeën zielen niewent de West-Balkan-Länner och Groussbritannien, d'Tierkei, Norwegen, d'Schwäiz an d'Ukrain.
Datt vun de 44, déi invitéiert goufen, der 43 haut och effektiv present sinn, wier een Zeechen, fir wéi wichteg dës Reunioun ugesi gëtt, sot e Mëttwoch een héijen EU-Diplomat.
Ukrain-Krich ee wichtegt Theema
Diskutéiert gëtt souwuel a klénge Ronne wéi am grousse Krees - am Mëttelpunkt steet ouni Zweiwel de russesche Krich an der Ukrain a seng Konsequenzen.
Dës Thematik wäert sécher och um informellen EU-Sommet de Freideg dominéieren, wou den ukrainesche President Selenskyj bäigeschalt wäert ginn.
De Selenskyj wäert d'EU un hiert Verspriechen erënneren, sengem Land finanziell bäizestoen. Vun de versprachenen néng Milliarden Euro huet d'EU der bis elo nämlech just gutt zwou op de Wee bruecht.
Mesure géint Energiepräisser suergen nach fir Diskussiounen
Fir hëtzeg Diskussiounen ënner de 27 Staats- a Regierungscheff:innen dierften och Mesurë géint déi héich Energiepräisser suergen.
D'Majoritéit vun hinne fuerdert een Deckel um Gaspräis: 15 vun den 27 EU-Länner hu sech heivir ausgeschwat. Fir datt si offiziell kënnen ufänken driwwer ze diskutéieren, muss d'Kommissioun awer eng legislativ Propose maachen.
D'Europäesch Kommissioun huet bis elo awer gezéckt, fir esou eng legislativ Propose op den Dësch ze leeën.
Von der Leyen: "Deckelung vum Gaspräis muss genee ausgeschafft ginn"
An engem Bréif un déi 27 Staats- a Regierungscheff:inne seet sech d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen oppe fir d'Iddi vum Deckel op dem Gaspräis. Mee si betount och, datt esou eng Mesure misst gutt präparéiert ginn, fir ze verhënneren, datt net méi genuch Gas an d'EU geliwwert gëtt oder datt de Verbrauch an d'Luucht geet.
Well den héije Gaspräis dee vum Elektreschen no uewen dreift, misst deen Impakt limitéiert ginn, huet d'Kommissiounscheffin e Mëttwoch am Europaparlament zu Stroossbuerg gesot: "Dowéinst soll diskutéiert ginn, iwwer een Deckel um Gas, dee fir d'Produktioun vu Stroum genotzt gëtt".
Doriwwer eraus misst och de Gaspräis am Allgemengen ugekuckt ginn, esou d'Ursula von der Leyen weider: "Esou een Deckel muss genee ausgeschafft ginn, fir sécherzegoen, datt genuch Gas geliwwert gëtt". Et wier eng temporär Solutioun, an een éischte Schratt um Wee fir eng méi strukturell Reform vum Gasmarché.
Net all Land ka sech en Hëllefsplang wéi an Däitschland leeschten
Fir Diskussioune wäert wuel och den däitschen Hëllefsplang an Héicht vun 200 Milliarden Euro féieren, deen déi lescht Woch decidéiert gouf an dee Stéit an Entreprisen entlaaschte soll.
Et dierft net zu enger Fragmentatioun vum europäesche Marché kommen, sot d'Ursula von der Leyen e Mëttwoch. Dovun hunn dës Woch a Meenungsbäiträg mam Thierry Breton a mam Paolo Gentilloni och direkt zwee EU-Kommissäre gewarnt. Net all Land ka sech nämlech esou ee Plang leeschten.
Op den däitschen Hëllefsplang ugeschwat, huet dee leschte Freideg de Lëtzebuerger Energieminister den däitsche Pak begréisst. Wat de Volume ugeet, wier e vergläichbar mat deem Lëtzebuerger, esou de Claude Turmes.
Fragmentatioun a Konkurrenz an der EU muss verhënnert ginn
De Claude Turmes huet a senger Reaktioun och drop verwisen, datt sech Däitschland misst un deen europäesche Kader halen. D'Kommissioun wëll hei Reegele fir de Bannemarché proposéieren.
Och doriwwer wäert op dësem EU-Sommet geschwat ginn. Et geet drëm, eng Konkurrenz tëschent den EU-Länner am Verdeele vu Subsiden un déi national Ekonomien ze verhënneren.
D'EU sëtzt hei net um Hiewel - an et schéngt onwarscheinlech, datt wéi bei de Corona-Hëllefspläng grouss Kreditter vu Bréissel aus verdeelt ginn.
De Finanzkader, deen d'Kommissioun bis elo proposéiert, geet iwwer maximal 300 Milliarden Euro - dat ass also net vill méi, ewéi Däitschland eleng opbrénge wëll.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.