Déiereschutz Dignitéit vum Déier

Mam neien Déiereschutzgesetz soll d'Notioun vun der Dignitéit an d'Gesetz ageschriwwe ginn. De Begrëff léisst Spillraum fir Interpretatiounen, gëtt den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetzprojet, Gusty Graas, zou.

Mick Entringer / cbi

Gusty Graas
Gusty Graas (DP)

Déiere solle virum Gesetz keng Objete méi sinn, mä als Liewewiesen unerkannt ginn, déi spieren a fillen, an déi eng eegen Dignitéit hunn. Esouwuel de Staatsrot, wéi och d'Landwirtschaftskammer hunn an hire respektiven Avisen op d'Komplexitéit vum Begrëff Dignitéit verwisen. D'Dignitéit wier "la valeur propre de l'animal qui doit être respectée par les personnes qui s'en occupent", heescht et am Gesetzprojet.

De Staatsrot hieft a sengem éischten Avis vu Mäerz dëst Joer ervir, datt d'Konzept vun der Dignitéit bis elo exklusiv fir Mënsche reservéiert ass. D'Déieren hätte keng Dignitéit, well si kee Verstand hätten, et kéint ee sech beim Déier just op déi Dignitéit beruffen, déi de Mënsch selwer am Ëmgang mam Déier applizéiert. Den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetzprojet schwätzt trotzdeem vun engem "qualitative Sprong an der Gesetzgebung".

Käschtepunkt Déiereschutz

Mam neien Déiereschutzgesetz ginn d'Oplage fir Déierenhaltung an Déiereversich verschäerft. Gläichzäiteg gi Sanktiounen agefouert, déi bis zu 200.000 Euro Geldstrof kënne goen a bis zu dräi Joer Prisong.

D'Landwirtschaftskammer kritiséiert an hirem Avis, datt mam neien Déiereschutzgesetz d'Lëtzebuerger Véiziichter zousätzlech Oplage kréie géigeniwwer hire Konkurrenten am Ausland. D'Wuelbefanne vum Déier generéiert Käschten. Dat géing zu enger negativer Verzerrung vum Marché féieren.

De Gesetzprojet iwwert den Déiereschutz war am Mee 2016 op den Instanzewee geschéckt ginn. Aktuell gëtt op den Avis vum Staatsrot zu den Amendementer, déi nogereecht ginn, gewaart.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Anna Monzel
Parkinsonfuerschung

D'Anna Monzel gouf ausgezeechent fir d'Entwécklung vun engem Stammzelle-Modell als Alternativ zu Déiereversich an der Parkinsonfuerschung. D'Resultater vun der alternativer Method wiere méi relevant, wéi Déiereversich.

Marc Schiltz
Fonds National de la Recherche

Den FNR huet d'lescht Joer 195 Fuerschungsprojete mat 80 Milliounen Euro finanzéiert. A sechs Prozent vun de Projete goufen Déiereversich gemaach. De Marc Schiltz hofft, dës Zuel ze reduzéieren.

Programm

  • Robert Glasper: Covert-Live

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen