Digitalisatioun "Digital Transformatioun muss fir jiddwereen accessibel sinn"
Am Kontext vun der Digitaliséierung mussen Ängschten, wéi de Verloscht vun Aarbechtsplazen, eescht geholl ginn. Dat fuerdert den delegéierten Digitaliséierungsminister a Minister vum ëffentlechen Déngscht Marc Hansen.
Ob Aarbechtsplazen a Betriber oder Verwaltunge géifen ewechfale géif och dovun ofhänken, wei d'Aarbecht ausgeriicht ass. Et géifen also net automatesch Aarbechtsplazen ofgeschaaft ginn. Et misst ee seng Prozesser sou einfach wéi méiglech gestalten, an d'Leit fir déi digital Prozesser forméieren.
Et soll och eng digital Akademie fir Staatsbeamte gegrënnt ginn.
Digital Transformatioun muss fir jiddwereen accessibel sinn
Dem delegéierten Digitaliséierungs-Minister Marc Hansen no ass et wichteg, datt bei der "digitaler Transformatioun" all d'Leit matkommen. Déi sougenannten "digital Kluft" soll evitéiert ginn.
Den neien Digitaliséierungs-Ministère wier net just fir "Tech freaks" a soss spezialiséiert Leit do. Bei dësem Thema missten all d'Leit mat an d'Boot geholl ginn. Et wier net esou, datt nëmmen eeler Leit géife riskéieren net matzekommen, sou den delegéierte Minister.
Keng Positioun zu digitaler Wärung vu Facebook
Déi Lëtzebuerger Regierung huet nach keng Positioun, no der Ukënnegung d'lescht Woch vu Facebook, fir eng nei global Digitalwärung wëllen ze etabléieren.
De Marc Hansen huet vun engem komplexe Sujet geschwat, e puer Deeg no der Annonce vu Facebook. Déi ugekënnegt digital Wärung mam Numm Libra baséiert, ähnlech wéi Bitcoin, op der sougenannter Blockchain-Technologie.