arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diddeleng gëtt positiven Avis of

Jugurtsfabrick

|
reading time

2 min

Diddeleng gëtt positiven Avis of

Anescht wéi de Beetebuerger Schäfferot ass den Diddelenger Schäfferot ënner Konditiounen averstanen, datt Fage eng Betribsgeneemegung kritt fir eng Jugurtsfabrick an enger Industriezon tëschent béide Gemengen.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschteren

Wéi an der Commodo-Prozedur virgesinn, huet de sozialistesche Schäfferot vun der Diddeleng der Ëmweltverwaltung e positiven Avis geschéckt. Déi gréng Luucht ass awer u Konditiounen a Recommandatioune gebonnen.

Verbesserunge beim Drénkwaasserverbrauch

Den Diddelenger Schäfferot wënscht sech Verbesserungen um Projet fir den Impakt op d'Ëmwelt, op d'Ressourcen, op d'Landschaftsbild an op de Verkéier ze limitéieren.

Well d'Fabrick vum griichesche Konzern vill Drénkwaasser géif verbrauchen (bis zu 2.500 Meterkibb den Dag), sollt éischtens no Léisunge gesicht gi fir dee Verbrauch esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren, heescht et am schrëftlechen Avis.

Zweetens misst d'Kläranlag vu Fage, déi um 15 Hektar groussen Areal virgesinn ass, déi beschtméiglech Technike benotzen. Den Impakt op d'Uelzecht misst reduzéiert ginn. D'Qualitéit vum Flosswaasser wier elo nämlech scho schlecht.

Trafic soll iwwer Schinne lafen

Drëttens hätt Diddeleng gär eng Etüd fir erauszefannen, ob net en Deel vum Camionstrafic kann iwwer d'Schinn lafen. D'Schinne wieren an der direkter Géigend: Diddeleng bedauert dofir, datt Fage integral op Stroossentransport setzt.

Dat hätt negativ Konsequenzen op de Verkéier an d'Loftqualitéit tëschent Beetebuerg an Diddeleng. Dofir freet de Schäfferot och, datt d'Etüd iwwer de Verkéier tëschent Beetebuerg an Diddeleng aktualiséiert gëtt. Donieft wier et wichteg, datt Fage national Mëllech fir de Jugurt géif benotzen, well dat d'Transportweeër géif verkierzen.

Mëllech soll net ewechgeheit ginn

Véiertens gëtt am Avis kritiséiert, datt Fage de Pläng no bis zu aacht Tonne Mëllech pro Dag ewechgeheit, Mëllech, déi just benotzt gëtt fir déi intern Qualitéitskontroll. Dat géif net de Wäerter vun der Diddelenger Gemeng entspriechen. D'Gemeng wier Member vum nationale Reseau géint de Gaspillage alimentaire.

De Beetebuerger schwaarz-gréng-bloe Schäfferot, deen och huet missten en Avis ofginn, hat der Ëmweltverwaltung dës Woch keng gréng Luucht gi fir eng Betribsgeneemegung fir Fage.

De griichesche Konzern, deen zanter aacht Joer scho säi Steiersëtz zu Lëtzebuerg huet, wëllt hei am Land bis zu 80 Millioune Kilo Jugurt pro Joer produzéieren.