BREXIT "Dialog, mä keng Verhandlung"

De britesche Brexit-Minister David Davis war op Aarbechtsvisite zu Lëtzebuerg - déi éischt Statioun vu senger Tournée duerch déi 27 EU Länner, nom prinzipiellen Trennungsaccord vum Dezember zejoert. Den David Davis huet den Ausseminister Jean Asselborn an de Finanzminister Pierre Gramegna gesinn. Et wier en oppenen Dialog gewiescht, sot eis de Jean Asselborn.

Pierre Reyland / cbi

Jean Asselborn
Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn

Den Accord vum Dezember 2017 iwwert den Artikel 50, also déi prinzipiell Trennungsfroen, géif stoen, ma missten elo ëmgesat an an eng juristesch Form bruecht ginn.

Eng Erausfuerderung géif et nach beim Sujet Nordirland ginn, seet de Jean Asselborn. Et sollt keng physesch Grenz ginn, mä eng Differenz. D'Brite géifen drop halen, datt d'Nordiren net am Marché commun vun der EU wäerte sinn.

Der Finanzplaz Rechnung droen

Besonnesch wichteg fir Lëtzebuerg wier et, en Accord ze fannen, deen der Lëtzebuerger Finanzplaz Rechnung dréit. London wier zwar déi gréisste Finanzplaz an der EU, mä déi zu Lëtzebuerg wier awer net onwiesentlech. Dëst misst an de Verhandlunge Rechnung gedroe ginn.

Den Austausch tëscht dem Jean Asselborn an dem David Davis wier awer just en Dialog gewiescht, esou den Ausseminister. Verhandlunge géifen tëscht der Europäescher Unioun a Groussbritannie gefouert ginn.


David Davis zu Lëtzebuerg

Méi zum Thema

Günther Oettinger EU Kommissär fir de Budget
EU-Budget

D'EU diskutéiert iwwert de Budget vun 2020 un. Déi eng wëlle méi ee grousse Budget, déi aner de Contraire. Kloer ass, datt wéinst dem Brexit muss gespuert ginn an datt méi Sue fir grouss Projeten gebraucht ginn.

Europarlament debattéiert iwwert Brexit
Europaparlament

D'Europaparlament ass zefridde mat deem, wat bis elo an de Brexit-Verhandlunge festgehale gouf. D'EU konnt sech duerchsetzen, sou d'Analys vum Parlament. Et bleiwen awer nach vill Detailer ze klären.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen