UEL "Dës Regierung huet net alles falsch gemaach"
Den UEL-President Michel Wurth kritiséiert d'Regierung wéinst hirer Gestioun vum Sozialdialog. Luef gëtt et fir d'Koalitioun fir d'Promotioun vun der Wirtschaft an der Innovatioun. Och gesellschaftspolitesch hätt dës Regierung "entstëbst". Eng Hausse vum Mindestloun an d'Indexéierung vun de Familljenzoulage wäert et mat der "Union des Entreprises Luxembourgeoises" net ginn. Déi niddereg Produktivitéit géing dat net zouloossen, seet de Michel Wurth.
"D'Lëtzebuerger Wirtschaft ass op engem gudde Kurs, mat véier Prozent Wuesstem". Gläichzäiteg klëmmt awer och den Emploi. D'Produktivitéit léich zwar insgesamt héich bei plus zwee Prozent d'Joer (OECD). Verglach mam Wuesstem vum Emploi hätt een et awer mat enger niddereger Produktivitéit ze dinn, erkläert den UEL-President.
"Lëtzebuerg huet dee falsche Wuesstemsmodell"
Et kéint een net all Joer véier Prozent nei Aarbechtsplaze schafen. D'Land bräicht manner Emploi, awer méi produktiv Aarbechtsplazen. Ee Prozent méi Aarbechtsplazen d'Joer wäre genuch. Dem Michel Wurth no léisst déi niddereg Produktivitéit et och net zou, fir d'Mindestléin ëm zéng Prozent ze héijen, wéi den OGBL dat fuerdert.
Den UEL-President ass och géint eng Indexéierung vun de Familljenzoulagen. Dës Regierung hätt d'Familljepolitik scho gestäerkt duerch Sachleeschtungen. "D'Famillen hätte scho vill méi kritt".
Sozialdialog: "D'Regierung huet eis am Stach gelooss"
D'Regierung hätt den Dialog tëscht de Sozialpartner schlecht geréiert. Dofir wär d'Patronat elo mësstrauesch. De Vize-Premier Etienne Schneider hat sech an d'Verhandlungen zum sougenannte PAN-Gesetz iwwer d'Aarbechtszäiten agemëscht - am Interessi vum OGBL. Dat nodeems den LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit e prinzipiellen Accord mat de Sozialpartner fonnt hat, dee méi favorabel fir d'Patronat war. "D'Regierung hat eis am Stach gelooss an dat huet bei eis Tracë gelooss", seet den UEL-President. Wann d'Regierung nach wéilt d'Patronat mat um Dësch sëtzen hunn, bräicht een an der Zukunft méi Garantien.
D'Koalitioun hätt awer och net alles falsch gemaach. De Michel Wurth lueft d'Regierung fir d'Promotioun vun der Wirtschaft an der Innovatioun. Och gesellschaftspolitesch wär "entstëbst" ginn. Wat sinn d'Erausfuerderunge fir déi nächst Regierung?: Digitalisatioun vun der Wirtschaft, de Pensiounssystem an ee méi produktive Wirtschaftsmodell.