Decisioun vum Verwaltungsgeriicht Deputéiert mussen de ganzen RTL-Konzessiounsvertrag gewise kréien

De Medieminister Xavier Bettel muss den Deputéierte vun der Mediekommissioun an der Chamber de ganze Konzessiounsvertrag vun RTL weisen. Dat huet de Verwaltungsgeriichtshaff den Dënschdeg decidéiert.

Michèle Sinner / cz

RTL Group Logo

De Sven Clement hat Klo um Verwaltungsgeriicht agereecht, nodeems de Xavier Bettel refuséiert hat, de ganze Konzessiounsvertrag an der Kommissioun oppen ze leeën. De Chamberdeputéierte vun der Piratepartei hat dat gefrot, fir kënnen ze kontrolléieren, ob RTL no hirem Restrukturéierungsplang 2019 nach d'Konditioune géif erfëllen, déi am Kontrakt tëscht dem Staat an RTL stinn. An éischter Instanz hat d'Verwaltungsgeriicht decidéiert, de Vertrag misst net gewise ginn.

De Sven Clement schwätzt an enger éischter Reaktioun vum "beschtméigleche Resultat", wat ee sech hätt kënnen erwaarden. D'Urteel géif d'Kontrollfunktioun vum Parlament vis-à-vis vun der Regierung stäerken an et géif weisen, datt och een eenzelen Deputéierte kéint Kontraker froen an déi dann och vun der Regierung misst gewise kréien.


Prezedenzfall


De Pirat gesäit doran e wichtege Prezedenzfall, deen der Oppositioun am Parlament méi Pouvoir géif ginn, nieft der Méiglechkeet vun enger Enquete-Kommissioun. Eng Confidentialitéitsklausel kéint an Zukunft net méi als Grond ugefouert ginn, fir engem Deputéierten e Kontrakt virzeenthalen.


Text op Verstéiss géint de Kontrakt iwwerpréiwen


Hien dierft an enger éischter Phas net ëffentlech kommentéiere wat am Text genau dra steet, sou de Sven Clement, mee falls sech déi staark Doutten, déi et iwwer den tatsächlechen Ancrage vun RTL zu Lëtzebuerg gëtt, fir hie géife confirméieren, da wier et seng Flicht, fir eng Plainte ze maachen.

Hie géif seng Demande un de Staatsministère elo nach emol reformuléieren a pocht drop, fir de Asiicht an de Contrat d'ancrage ze kréien, sou de Sven Clement.


Reformulatioun vu senger Demande


An dësem konkrete Fall, geet de Sven Clement dovun aus, datt och déi aner Membere vun der Chamber-Mediekomissioun eng Demande wäerte formuléieren fir Asiicht an de ganze Konzessiounsvertrag, inklusiv dem sougenannte Contrat d'ancrage ze kréien.

Méi zum Thema

Sven Clement
Accord tëschent Staat a Grupp RTL

Den Deputéierte Sven Clement mécht e Recours um Verwaltungsgeriicht, fir vum Premier- a Medieminister Kopië vun allen Accorden tëschent dem Staat an dem Grupp RTL ze kréien.

Hochspannungsmasten
Verkaf vun Encevo-Aktien

De Verkaf vu 25,48 Prozent vun den Encevo-Aktien un déi staatlech chinesesch Firma Southern Power Grid wier falsch gewiescht, soe Vertrieder vun déi Lénk an ADR. Och déi gréng weise sech skeptesch.

RTL Group Logo
Konventioun tëscht Staat an CLT-UFA

De Kommunikatiounsministère consideréiert de Programm vun RTL Télé vun 2021 un als service public. Dofir wëll déi blo-rout-gréng Regierung de Staat mat enger direkter Subventionéierung engagéieren.

RTL Group Logo
Medien

An Zukunft soll de Staat den Defizit vun RTL Télé iwwerhuelen. Dobäi handelt et sech ëm eng onkloer Zomm a Milliounenhéicht pro Joer. De Konzessiounsvertrag soll an Zukunft och verkierzt ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen