arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deputéiert begréissen Enn vun der Zesummenaarbecht

Südspidol

|
reading time

3 min

Deputéiert begréissen Enn vun der Zesummenaarbecht

Déi Responsabel vum Projet Südspidol hunn den Deputéierter Detailer iwwer d'Enn vun der Zesummenaarbecht mam Albert Wimmer informéiert. D'Ekipp ronderëm de Wiener Architekt wier onzouverlässeg gewiescht, heescht et aus de Reie vun de Fraktiounen. D'Deputéiert aus der Chamber begréissen d'Enn vun der Zesummenaarbecht, stellen awer och Fuerderungen.

reading time

3 min

play_arrow Lauschteren

De Marc Spautz CSV hat scho viru Joren, wéi d'Zesummenaarbecht mam Wiener Architekt Albert Wimmer ugefaangen huet, um Projet gezweiwelt. Dem Architekt seng Reputatioun a sengem Heemechtsland war deemools schonn ugeschloen.

No der Sëtzung vun haut seet de Marc Spautz hie géif sech bestätegt fillen, bedauert awer datt et dozou koum. Et géif weisen, datt wann een iwwer international Kontakter eppes gemellt krut, datt een dat och soll eescht huelen.

Deemools wieren aner Responsabel "himmelhochjauzend" fir dee Projet gewiescht a verschidden Decisioune wieren "net ëmmer glécklech" gewiescht.

Et geet ënner anerem ëm ëffentlech Gelder

Net glécklech, well et ëm déi ëffentlech Gesondheet geet, d'Versuergung am Süden, an ëm ëffentlech Gelder. Wéi vill dovu schonn engagéiert sinn, konnten d'Deputéiert net kloer rapportéieren an hunn op d'Pressekonferenz vun de Responsabele vum Projet de Mëtteg verwisen.

De Mars di Bartolomeo mengt, datt et um Verwaltungsrot wier fir ze klären, wat vun deene Kreditter reelle Leeschtungen entsprécht a wat eventuell Pertë sinn. Et wier awer net esou, datt dee ganze Projet ganz an de Sand gesat gi wier.

Fir den LSAP-Politiker ass et wichteg, datt elo eng Noutbrems gezu gi wier. Hie bedauert awer, datt de Projet lo Retard kritt. Wichteg wier awer festzehalen, datt elo eng nei Ekipp, souwuel an der Direktioun vum CHEM wéi am Verwaltungsrot, d'Heft an der Hand hätt.

De Projet enk suivéieren

De Marc Goergen vun der Piratepartei fuerdert, datt d'Deputéiert lo Zougang zu allen Ënnerlage kréien, fir en connaissance de cause de Projet kënnen de analyséieren a weider ze suivéieren. Fir de Moment ass hie berouegt, datt de Projet vum CHEM gestoppt ginn ass, anescht wier et net gaangen, déi Firma wier "wierklech onseriö" gewiescht.

"An deementspriechend konnt een dee Projet net einfach sou lafe loossen. Da wier e warscheinlech ni realiséiert ginn an et wiere Suen iergendwou versickert."

Déi Lénk souwuel déi Gréng bedaueren, datt schonn Zäit an ëffentlech Sue gefloss si fir ee Projet, deen immens wichteg fir déi Lëtzebuerger Spidolslandschaft wier. Souwuel d'Nathalie Oberweis wéi och d'Josée Lorsché fuerderen, datt de Projet lo enk suivéiert gëtt.

E Mëttwoch hat de radio 100,7 gemellt, datt de Conseil d'Administration vum CHEM, dee Bauträger vum Südspidol ass, a senger Sëtzung decidéiert hat, lafend Kontrakter juristesch ze préiwe fir aus hinnen eraus ze klammen.