Dr. Laetitia Hauret Den Télétravail misst gefërdert ginn
D'Etüd vum Fuerschungsinstitut LISER weist, datt 48 Prozent vun de Salariéen aus dem Privatsecteur eng berufflech Aktivitéit hunn, fir déi den Télétravail a Fro kënnt. Meeschtens sinn et qualifizéiert Aarbechtsplazen, déi dem Salarié eng gewëssen Autonomie erlaben. D'Aktivitéit hänkt net onbedéngt vun enger ganzer Equipe of a ka mat moderne Kommunikatiounstechnologien erleedegt ginn. A 75 Prozent vun de Fäll huet d'Entreprise hinnen d'Méiglechkeet net gi vun Doheem aus ze schaffen.
Kleng Entreprisë si Virreider
Déi kleng Entreprisen, mat manner wéi 15 Salariéen, sinn déi, déi am meeschten op den Télétravail zeréckgräifen, esou d'Doktesch Laetitia Hauret vum Fuerschungsinstitut LISER. Déi Betriber proposéiere méi flexibel Aarbechtskonditiounen an d'Vertrauen tëschent dem Patron an dem Personal wier méi héich.
Qualifizéiert Persounen, déi op Responsabilitéitsposte schaffen, profitéieren am meeschte vun deem Télétravail. Iwwerduerchschnëttlech sinn et iwwregens Männer, betount d'Laetitia Hauret.
Global gesinn hunn 88 Prozent vun de Beschäftegte keng Méiglechkeet vun Doheem aus ze schaffen. An deenen Entreprisen, wou et erlaabt ass, treffen 80 Prozent vun de Salariéen d'Decisioun e puer Deeg am Mount vun Doheem aus ze schaffen, esou d'Etüd vum LISER.
Méi Vertrauen an d'Personal ass néideg
Fir den Télétravail ze fërderen, ginn an där Etüd vum LISER zwou Pisten opgezeechent:
Et misst een déi nei Technologien an de Betriber weiderentwéckelen, fir de Salariéen d'Méiglechkeet ze ginn op Distanz ze schaffen. Weider proposéiert d'Etüd de Management Modell ze änneren. Dacks baséiert sech dee Management op d'Kontroll an op d'Präsenz vum Personal am Betrib. Et misst een de Leit méi Autonomie accordéieren an amplaz nëmmen d'Aarbechtszäit festzeleeën, Objektiver opstellen, esou d'Laetitia Hauret.
Beim Télétravail ginn et Virdeeler, mee och Risiken
Den Télétravail bréngt dem Salarié méi Flexibilitéit. E kann och a Rou Doheem schaffen, ouni vu senge Mataarbechter bei sengen Aktivitéiten ënnerbrach ze ginn. Et spuert een och de Wee fir op d'Aarbecht.
Et besteet awer och de Risiko, datt de Salarié sech isoléiert. Dacks géifen déi Persoune sech nach méi fir hir Aarbecht engagéieren, well se beweise wëllen, datt si vun Doheem aus kënnen effikass schaffen. D'Grenz tëschent Privat- a Beruffsliewe géif dobäi och ëmmer méi flou ginn, esou d'Laetitia Hauret. D'Salariéë kéinten dann Tendenz hunn, baussent de normalen Aarbechtszäiten ze schaffen, warnt d'Laetitia Hauret.
De ganzen Interview mat der Dr. Laetitia Hauret: