Architektur Den Ordre des architectes versus ArcelorMittal

Um Kierchbierg niewent dem Konferenzzentrum soll deen neien Haaptsëtz vun ArcelorMittal entstoen. De Stolkonzern ass am gaangen, en Architektebüro dofir ze rekrutéieren. D'Gebai soll aus Stol sinn. Den OAI ass net domat averstanen, datt keng Lëtzebuerger Architektebüroen d'Chance kruten, e Projet anzereechen. Elo soll de Premier intervenéieren.

Fanny Kirsch / ys

Arcelor Terrain.JPG
Niewent dem Konferenzzentrum soll deen neie Siège vun ArcelorMittal entstoen

ArcelorMittal plangt en neit Gebai fir den Haapt-Siège vun ArcelorMittal op engem Terrain vum Fonds Kirchberg. De Stolkonzern hat fir d'Konzeptioun vun dësem Gebai keng Architektebüroen hei aus dem Land invitéiert, fir Projeten anzereechen. Den Direkter vum Ordre des architectes et ingénieurs-conseil Pierre Hurt ass onzefridden, datt de Xavier Bettel keng Positioun ergraff huet. "Als Regierung hätt hie jo kéinte soen: mir sinn hei zu Lëtzebuerg, mir maachen eng oppe Kompetitioun." Den OAI wënscht sech, datt de Premier elo nodréiglech intervenéiert.

Know-How fir e klengen Tuerm aus Stol

ArcelorMittal argumentéiert, zu Lëtzebuerg géif déi néideg Erfahrung am Stolbau feelen. D'Associatioun Infosteal vu Bréissel géif och zu Lëtzebuerg all zwee Joer ee Stolbaupräis verginn, seet de Pierre Hurt. "Also den Know-How fir sou e klengen Tuerm am Stolbau ze maachen, deen ass do." Wann ArcelorMittal just ee groussen Numm fir hiert Gebai wéilt, sollt d'Firma éierlech zu där Decisioun stoen. An net mat engem falsche Pretext d'Lëtzebuerger Architekten diskreditéieren.

Et wier Schued, datt eng Entreprise wéi ArcelorMittal, mat Haaptsëtz an historesche Lienen zu Lëtzebuerg, sech net géif fir Lëtzebuergesch Architektebüroen interesséieren. Oppe Competitioune fir prestigiéis Projete wieren nämlech eng gutt Plattform fir lokal architektonesch Propositiounen. Och wann hir Projete schlussendlech net géife selektionéiert ginn.

Architektur als Nation Branding

D'Lëtzebuerger Architektur- an Ingenieurswelt géif d'Diversitéit vum Land gutt representéieren, seet de Pierre Hurt. "Mir hunn do eng Force vu Kreativitéit, déi mir wierklech gutt kënnen asetzen. An mir kënnen eist d'Land doduerch gutt duerstellen, datt mir op verschiddenen Niveaue ganz aktiv sinn."

Den OAI bedeelegt sech iwwregens un der Nation Branding Campagne vun der Regierung, well en all Geleeënheet wëll notzen, fir d'Kreativitéit vum Land ze promovéieren. Als gelongent Beispill nennt de Pierre Hurt den Exportbüro fir Lëtzebuergesch Musek a Museker music:LX.

Den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseil hofft, datt d'ArcelorMittal hir Decisioun nach ee Mol iwwerdenkt. Och d'Regierung soll sech bei dësem a bei zukünftege Projeten op ëffentlechem Terrain dofir asetzen, datt Lëtzebuerger Architektebüroen eng Chance kréien.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

EUGH - CJUE - Europäesche Geriichtshaff (Kierchbierg)
Emissiounszertifikater

ArcelorMittal muss wahrscheinlech Emissiounszertifikater un de Staat zeréckginn. Den Europäesche Geriichtshaff gëtt dem Lëtzebuerger Staat Recht. Dee verlaangt net gebrauchten Zertifikater zeréck.

Gare Pafendall.JPG
Arrêt Pafendall-Kierchbierg

Den Arrêt Pafendall-Kierchbierg bréngt Erausfuerderunge mat sech. D'Stater Gare muss ausgebaut ginn. Dummeldeng och, fënnt ee beim Syprolux. Ufanks wäerte wéineg Zich aus dem Süden direkt kënnen duerchfueren.

Kierchbierg-23.JPG
Urbanismus

De Kierchbierg ass am Gaang sech ze veränneren, och well de Fonds du Kirchberg sech geziilt dofir asetzt. Ee bekannten dänesche Büro mécht mat, och d'Kierchbierger selwer gi gefrot.

Arcelor Terrain.JPG
ArcelorMittal

ArcelorMittal verhandelt mat der Regierung iwwert en Transfert vu sengem Sëtz op de Kierchbierg. An der Diskussioun ass een Héichhaus nieft dem Konferenzzenter, op engem Terrain vum Fonds du Kirchberg.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen