Däitschland Den Impfstau um Horizont

Zanter e puer Woche rullt d'Impfcampagne an Däitschland esou richteg. Mëttlerweil huet méi wéi een Drëttel vun der Populatioun op d'mannst eng éischt Impfdosis krut. Elo deit sech awer e Stau un - un deem den eeleren Deel vun der Populatioun eng Matschold dréit.

Matthias Kirsch / cz

Impfen
Foto: picture alliance dpa Swen Pförtner

33 Prozent - dat ass déi magesch Zuel, déi an dëser Woch hei an Däitschland erreecht gouf. 33 Prozent vun der däitscher Populatioun huet elo op mannst eng Dosis vun engem Covid19-Impfstoff krut. Nodeems d'Impfcampagne um Ufank vum Joer esou schleefend ugelaf war, ass se elo sou richteg ugerullt. Knapps eng Millioun Leit den Dag sinn iwwer déi lescht zwou Wochen geimpft ginn.

Domat kéint d'Geschicht eriwwer sinn. De Problem ass: Et geet net esou weider. Do virdru warne besonnesch d'Hausdokteren, déi an dësen Deeg fir de Gros vun den Impfungen an Däitschland responsabel sinn. An de kommende Wochen ginn nämlech ganz vill Impfdosissen, besonnesch déi vu Biontech a vu Moderna, fir Zweetimpfunge gebraucht. D'Zuel un Éischtimpfunge kéint drastesch an de Keller falen.

Dat huet verschidde Grënn. Op der enger Säit, well Däitschland bis an de Juni eran net vill méi Dose Biontech geliwwert kritt wéi bis elo. Dat selwecht gëllt fir Moderna, vun deenen hei an Däitschland souwisou schonn net vill ukomm war. De grousse Gros vun deem, wat also kënnt, muss un déi Leit goen, déi op hir Zweetimpfung waarden.

E weidere Grond ass awer och, datt eben vill Leit - besonnesch Leit iwwer 60 - verlaangen, mat Biontech geimpft ze ginn. Dat mellen ëmmer méi Hausdokteren an Hausdokteschen den däitschen Autoritéiten. Den eeleren Deel vun der Populatioun géif quasiment refuséieren an d'Praxis nees verloossen, wann se zum Beispill mat AstraZeneca solle geimpft ginn.

Feelend Solidaritéit zum Nodeel vun de Jonken

Hei läit e grondleeënde Problem vun der däitscher Impfpolitik. Op der enger Säit recommandéiert nämlech déi Stänneg Impfkommissioun StiKo, datt Leit iwwer 60 sech onbedéngt sollte mat AstraZeneca impfen loossen - well d'Risike vu schwéieren Niewewierkungen wéi Sinusvenenthrombosen däitlech méi niddereg sinn wéi bei jonke Leit. Genau dës jonk Leit sollten da Biontech oder Moderna kréien.

Gläichzäiteg refuséiert d'Politik awer, déi eeler Leit dozou ze verflichten, dëst och ze maachen - zum Beispill andeems se seet: et gëtt AstraZeneca oder guer näischt. Datt d'Populatioun iwwer 60 am Hibléck op d'Bundestagswal am Hierscht eng essentiell Wierdergrupp mat staarker Lobby stellt, spillt evidenterweis eng Roll.

Mat der Solidaritéit, sou gesäit et offensichtlech aus, ass et an Däitschland a Saachen Impfungen net wäit. Zum Nodeel vun de Jonken: Wann an de nächste Wochen nämlech de grousse Biontech-Stau ufänkt, wäerte si sech mat AstraZeneca impfen - och wann et anescht hätt kenne sinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr. Isabel De La Fuente Garcia
Covid-19

Ouni d'Kanner ze impfen ass d'Herdenimmunitéit hei am Land net méiglech, seet d'Doktesch Isabel De la Fuente. Aktuell kommen an der Moyenne eppes manner wéi 10 Kanner de Mount wéinst Covid-19 an d'Kannerklinik.

Och a Praxisse soll an Däitschland geimpft ginn
Däitschland

An Däitschland dierfen zanter dëser Woch och d'Hausdoktere géint de Coronavirus impfen. Ronn eng Millioun Impfungen d'Woch sollen esou gemaach kënne ginn. Mee de Plang ass net fräi vu Kritik a villes bleift onkloer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen