Arees-Restriktiounen an den Nopeschlänner Den Impakt vun de Reesbeschränkungen op Leit an der Grenzregioun

D'Mutatioune vum Coronavirus bréngen nei Arees-Restriktiounen an eisen Nopeschlänner mat sech. D'Lëtzebuerger kënne just nach ënner verschiddene Konditiounen an Däitschland, Frankräich oder d'Belsch reesen. Wéi eng sinn dat, a wéi en Impakt hunn d'Corona-Mesuren op d'Leit, déi no un der Grenz wunnen.

Maxi Pesch / cz

Policekontroll däitsch Police

S'Sabrina wunnt eleng mat hirem klenge Meedchen an der Belsch, de Recht vun der Famill wunnt zu Lëtzebuerg. Den aktuelle Reegelen no, dierfen hir Elteren net op Besuch kommen. Well si keen Auto a kee Führerschäin huet, wier si also momentan vun der Famill isoléiert.

Eng Ausnam gëtt et allerdéngs wa si hir Kanner well besichen goen. D'Belsch huet de Moment déi strengste Reesaschrenkunge vun eisen Nopeschlänner. Hei dierf ee just hin wann een en essentiellen Grond huet. Fënnef Kategorië géifen dodrënner falen, erkläert de belschen Ambassadeur Thomas Lambert.

De belschen Ambassadeur Thomas Lambert

Professionell, Juristesch, medezinesch, humanitär Grënn. Fir Transit Reesen oder aus familiären Grënn. Ma och hei sinn d'Reegele strikt.

"Hei schwätze mir vu Regroupement familial. Mee d'Hypothees vun enger einfacher Visitt vun den Elteren, dat ass als net-essentiel ugesinn. Mir froen d'Leit e bësse Gedold. Et si just temporaire Mesuren. Ech mengen nach 3-4 Woche."

Gekuckt géif och ginn, datt den Alldag vun de Leit déi un de Grenze wunnen net ze vill impaktéiert gëtt, erkläert den Thomas Lambert. "Wann dir är Kanner op Arel an d'Danzschoul brengt, da gehéiert dat zu ärem Alldag. An dat wëlle mir net a Schwieregkeete bréngen."

"Kee schéint Gefill"

Fir all Deplacement iwwer déi belsch Grenz eraus muss eng Persoun eng sougenannten Declaratioun sur l'honneur ausfëllen an Dokumenter dobäi hunn déi hier Situatioun begrënnt. D'Police géif sporadesch kontrolléieren, ob d'Leit sech och un d'Mesuren halen, seet de Thomas Lambert. Wärend der Vakanzenzäit wäert verstäerkt kontrolléiert ginn. Et géif net drëms goen d'Leit ze bestrofen, ma et wier éischter e moraleschen Appell, seet de belschen Ambassadeur.

D'Theresa ass schonn eng Kéier an enger Policekontroll un der Belscher Grenz gelant. Och wa si just eng Verwarnung krut, wier dat kee schéint Gefill geweecht, seet déi jonk Fra.

"Ech misst amfong guer net an Belsch fueren, mee a Frankräich. Mee du hat ech mech geiert. An op der belscher Grenz gouf ech ugehalen an dunn hu si mech gefrot, wisou ech do wier. An du sote si, ob ech déi attestation sur l'honneur kéint ënnerschreiwen. Ech hu missten op der Säit stoe bleiwen an déi direkt ausfëllen. Ech fannen et schonn diskriminant, mir sinn an der EU an datt ech einfach ugehale ginn a gefrot ginn, wisou a wat ech géif maachen, an datt ech dat net däerf well ech keen valabele Grond dofir hunn."

Däitschland ass manner streng

Ähnlech Kontrolle ginn den Ament op der franséischer Grenz gemaach. Hei brauch een als Reesenden en negative Coronatest, dee maximum 72 Stonnen al ass an et muss een eng Attestatioun ausfëllen. Och an Däitschland ass d'Grenzpolizei am Asaz. Hei ginn et zwar net sou streng Restriktioune wéi an der Belsch an a Frankräich, et gëtt awer zum Beispill gekuckt, ob d'Leit sech un d'Maskeflicht halen. Mir treffen de Pressespriecher vun der Bundespolizeinspektion Tréier Stefan Döhn op der Raststell Markusberg kuerz hannert Waasserbëlleg.

De Pressespriecher vun der Bundespolizeinspektion Tréier, Stefan Döhn

"Hei op der Autobunn huelen d'Polizisten Leit aus dem fléissenden Verkéier eraus. An da ginn d'Leit kontrolléiert. Op se déi néideg Pabeieren hunn, d'Coronamesuren anhalen. Wann eppes net agehale gëtt, dann kann een dat op der Plaz hei reegelen, oder se gi mat op Tréier geholl an da gëtt do alles gereegelt."

Fir d'Lëtzebuerger gëtt et den Ament keng Restriktiounen, wa si manner wéi 24 Stonnen a Rheinland-Pfalz oder an d'Saarland reesen. Wat doriwwer erausgeet kéint d'Police un der Grenz och net kontrolléieren, seet de Stefan Döhn. An deenen dräi Nopeschlänner wier d'Situatioun awer ganz anescht wéi am Summer wou d'Grenzen deelweis zou waren a vill Stauen entstane sinn. Et hätt een draus geléiert, esou de belschen Ambassadeur an den däitsche Polizist.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Wien
Éisträich

An Éisträich gi vun haut un d'Mesurë géint de Coronavirus gelockert. D'Regierung zu Wien argumentéiert dee Schrëtt notamment mat de staarken Nieweneffekter vum Lockdown op d'Psyche vun de Leit.

Corona-Impfung
EU-IMPFSTRATEGIE

Besonnesch elo, wou den Impfstoff knapps ass, ass d'EU-Kommissioun an d'Kritik geroden. De Grand-Duché steet hanner der EU-Strategie, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op enger Online-Konferenz.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen