Corona-Pandemie Den Impakt op d'Stierflechkeet

Trotz der Corona-Pandemie ass den Altersduerchschnëtt vun de Leit, déi dëst Joer gestuerwe sinn, net geklommen. Fir d'Méint Januar bis Mee läit dëse Wäert bei bal 81 Joer, d'selwecht wéi d'Jore virdrun an där Joreszäit.

Pia Oppel / cbi

Iwwerstierflechkeet
Um Héichpunkt vun der Corona-Pandemie gouf et vill Iwwerstierflechkeet an Europa. Grafik: euromomo.eu

De Bäitrag vum Pia Oppel lauschteren


D'Entwécklung vun de Stierffäll huet sech am Fréijoer parallel zum Verlaf vun der Pandemie entwéckelt. D'Joer huet ugefaange mat enger relativ niddreger Stierflechkeet, déi am Januar a Februar konstant ënner der Moyenne vun de Jore virdru louch. Dat huet sech am Mäerz geännert: zanterhier a bis Enn Mee si ronn 15 Prozent méi Leit gestuerwe wéi d'Jore virdrun.

Den Héichpunkt gouf an der Woch vum 6. Abrëll erreecht, mat engem plus vu 60 Prozent am Verglach zur selwechter Woch an de fënnef Joer virdrun. Déi Entwécklung koum zwou Wochen nom Héichpunkt vun der éischter Well vun Infektioune mam neiaartege Coronavirus.

En niddregen Taux am europäesche Verglach

D'Iwwerstierflechkeet louch domadder bis ewell däitlech méi niddreg wéi a munchen aneren europäesche Länner. Un der Spëtzt läit am europäesche Verglach England, wou wärend der éischter Well méi wéi duebel esou vill Leit gestuerwe si wéi soss üblech.

De Statec publizéiert d'Detailer zu de Stierffäll mat engem gewësse Retard am Verglach zum europäeschen Ausland. Deemno leien elo nach keng Zuele fir Juni a Juli vir. Eng Iwwerstierflechkeet an der Suite vun enger zweeter Infektiounswell dëse Summer observéiert een dem Europäesche Mortalitéits-Monitoring (EuroMoMo) no bis ewell just a Portugal.

D'Iwwerstierflechkeet a Portugal. Bild: euromomo.eu

Vun Iwwerstierflechkeet schwätzt een, wann an engem gewëssen Zäitraum méi Leit stierwe wéi soss an der Moyenne. Dësen Indice gëtt wéinst der Corona-Pandemie weltwäit genee observéiert: en erlaabt et den Impakt vum Virus ze moossen, onofhängeg dovunner wéi vill getest gëtt.

Méi zum Thema

Diane DHUR
Omega 90

D'Associatioun Omega 90 hat d'lëscht Joer iwwer 4.150 Berodungsstonnen an der Trauerbegleedung. Dat ass eng Zuel aus dem Rapport 2019. An no der Coronakris klammen d'Ufroe fir Trauerfäll opzeschaffen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen